Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

seveso.lu: Wat maachen am Fall vun enger Urgence an engem industrielle Betrib?

Am Fall vun enger Urgence an engem industrielle Betrib, gëllt et Doheem ze bleiwen, d'Fënsteren an d'Dieren zou ze halen an iwwert d'Medien ze informéiere.

Dat sinn d'Consignen déi haut d'LSAP-Ministeren Taina Bofferding a Georges Engel eraus ginn hunn, am Fall wou et zu engem Accident an de sougenannten Seveso-Betriber kënnt - also Firmen, wou duerch Tëschefäll kënne potentiell Mënschen zu Schued kommen, wëll se zum Beispill duerch toxesch-chemesch Substanzen a gëfteg Dämp affektéiert ginn.

Op 14 Plazen am Land si 16 Seveso-Betriber repertoriéiert. Klasséiert Seveso-Betriber sinn awer och ënnert anerem Depoten an d'Tanke vu Pëtrolsfirmen.

Eng entspriechend Broschür mat Consignë kënnt déi nächst Deeg an d'Boîtten vun alle Stéit am Land. Et gëtt och den Internetsite seveso.lu mat de Geste, déi ze huele sinn, wann et zu engem Accident kënnt.

Den Numm “Seveso” kënnt vun enger Stad an der italieenescher Lombardei, déi 1976 d’Konsequenze vun engem industriellen Accident an enger Chimiesfabrick ze spiere krut. Fir dat Accident gouf et keen Noutfallplang, an et koume gëfteg Produiten an de Buedem déi grouss Surfacë verseucht hunn, dorënner Seveso. Doraus hunn sech gréisser ekologesch a sanitär Konsequenzen erginn, et koume Kanner a Spideeler an et sinn Déiere gestuerwen.