Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Sexuelle Mëssbrauch bei Mannerjäregen: Wou a wéi kritt een Hëllef?

Ronn 60 Fäll vu sexuellem Mëssbrauch bei Mannerjärege goufen der Alupse 2022 signaliséiert. An obwuel dëst ëmmer rëm virkënnt, ass et awer nach en Tabu.

De Sujet ass komplex, sou d'Lëtzebuerger Associatioun vu Sozialpediater (Alupse). Mä wat kënne Kanner a Jonker maachen, wa si sexuell mëssbraucht goufen? U wie solle si sech wennen? Wéi kann d'Ëmfeld, respektiv d'Elteren am beschten hëllefen an op wéi eng Signaler kann een oppassen?

Mir hu bei der Ekipp vun der Alupse Dialoge nogefrot.

1. Schratt - sech matdeelen

D'Affer soll sech engem Erwuessenen uvertrauen. Dat kann en Elterendeel sinn, een aus der Famill, awer och e Professionellen, wéi zum Beispill d'Schouljoffer oder d'Personal vum Spos. Wichteg ass, dass de Betraffenen dëser Persoun vertraut. Ass d'Kand oder de Jonken nach net prett fir dëse Schrëtt, gëtt et och d'Méiglechkeet, sech beim Kanner-Jugendtelefon ze mellen. Dat ass komplett anonym.

Wéi soll den Erwuessene reagéieren?

Dat Wichtegst ass et, dem Betraffenen nozelauschteren. Et soll een d'Kand ausschwätze loossen, et Eescht huelen an ënnerstëtzen. Ganz wichteg ass et dann och, net ze jugéieren a seng eegen Emotiounen ze reguléieren. Mierkt de Betraffenen nämlech, dass et den Erwuessenen ze vill mathëlt, ass d'Vertrauenspersoun keng Ënnerstëtzung méi an d'Kand kéint seng Ausso zeréckzéien. E weidere Punkt ass dann, d'Kand net auszefroen. Natierlech well een direkt wësse wéi, wat, wou. Dat kéint d'Kand awer ënner Drock setzen. D'Affer soll sech Zäit huele kënnen, an a sengem Tempo sou vill erzielen, wéi et erziele wëll.

De Fall mellen

Vertraut d'Affer sech engem Erwuessenen un, ass dëse verflicht, de Fall vu sexuellem Mëssbrauch ze signaliséieren. Et gëtt een dann och direkt an d'Kannerklinik orientéiert, fir dass d'Blessure kënnen dokumentéiert ginn. Dës Donnéeë sinn am spéidere Verlaf nämlech immens wichteg. D'Kannerklinik informéiert deen Ament och d'Police, wann dëst nach net geschitt ass. Den Erwuessene soll dem Kand erklären, wisou all dës Demarchen noutwenneg sinn. Et geet drëm, d'Affer ze schützen an ze verhënneren, dass et zu weideren Tëschefäll kënnt.

U wien kann den Erwuessene sech wennen?

Et ginn eng Partie Organisatiounen, bei deenen déi Erwuesse sech melle kënnen. Dorënner och d'Alupse.

2022 goufen hei ronn 60 Situatioune vu sexuellem Mëssbrauch bei Mannerjärege gemellt. Sexuelle Mëssbrauch mécht och de gréissten Undeel vun de Fäll bei der Alupse aus. Dat läit awer och drun, dass dës Fäll prioritär traitéiert ginn.

Meeschtens sinn et d'Elteren, déi d'Alupse kontaktéieren. Éischter seele melle sech Jonker selwer. Si kënnen dann an engem éischte Gespréich berode ginn. D'Eltere ginn awer sou séier wéi méiglech mat abezunn, well si d'Responsabilitéit hunn. Wichteg ass et dann, de gréisste Besoin vum Betraffenen erauszefannen. Dat ka souwuel eng medezinesch wéi och eng psychologesch Ënnerstëtzung sinn.

Just e Verdacht...?

Dacks traue sech Kanner a Jonker, déi sexuell mëssbraucht ginn oder goufen, net doriwwer ze schwätzen, well si sech schummen oder mol guer net wëssen, dass dat Verhale vum Täter falsch ass. Wann een de Verdacht huet, dass e Mannerjärege sexuell mëssbraucht gëtt oder gouf, soll een den Dialog mam Affer sichen. Et soll een awer wuelverstanen net mat der Dier an d'Haus falen. Besonnesch bei Kanner ass et wichteg, oppe Froen ze stellen. Wann d'Kand eppes Verdächteges erzielt oder zum Beispill sexuell Handlunge vun Erwuessenen nomécht, soll een zum Beispill froen "Wat mengs du domat?" oder "Wéi kënns du dorop?". Et soll een d'Kand net direkt mat eegenen Iwwerleeungen iwwerfalen.

Kierperlech Blessure gesäit ee meeschtens zimmlech séier zum Beispill duerch Blutt an der Ënnerwäsch. D'Alupse ënnersträicht awer, dass een Upaken net onbedéngt gesäit. Et ginn awer e puer Saachen, op déi een oppasse kann.

  • D'Kand weist e staarkt sexualiséiert Verhalen
  • D'Kand mécht sexuell Handlunge vun Erwuessenen no
  • D'Verhale vum Kand huet staark changéiert
  • D'Kand zitt sech extrem zeréck
  • D'Kand gëtt an engem kuerzen Zäitraum vill méi schlecht an der Schoul

Dat si just e puer Facteuren. Mee KENG PANIK. Dës Facteure kënnen och ganz aner Grënn hunn.

Allgemeng gëllt: All Fall vu sexuellem Mëssbrauch bei Mannerjäregen ass ganz individuell. All Kand reagéiert a weist et anescht. Heiansdo ass et méi sënnvoll, fir d'éischt bei de Kannerdokter ze goen a mat deem ze schwätzen oder e Kannerpsycholog ëm Rot ze froen. Direkt an d'Urgence ze rennen, ouni konkrete Verdacht, kann d'Kand nämlech ofschrecken.

Batter Realitéit

Net all Täter gëtt verurteelt. Souguer wann een all Demarche gemaach huet an d'Kand medezinesch ënnersicht gouf, kënnt et ëmmer rëm vir, dass Täter net schëlleg gesprach ginn. Dat läit dorun, dass et dacks keng Beweiser oder Zeie gëtt. Dat ass fir d'Affer an d'Ëmfeld natierlech ganz schlëmm. Dofir ass et wichteg, vun Ufank un transparent mat de Betraffenen ze sinn, sou d'Ekipp vun Alupse. Betraffener an hir Famill kënne sech fir juristesch Froen dann och un Aide aux Victimes wenden.

Preventioun duerch Opklärung

An der Erzéiung soll een d'sexuell Educatioun net vergiessen. Et ass wichteg, senge Kanner bäizebréngen, dass si selwer Meeschter vun hirem eegene Kierper sinn. Sou sollen d'Kanner scho fréi léieren, dass net jidderee si iwwerall upaken dierf. Esou wësse si dann och, dass dat net richteg ass, wann ee si zum Beispill am Intimberäich einfach upéckt. Duerch eng oppe sexuell Educatioun léiert d'Kand d'Limitte kennen.