Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Singapur: Geschlechtsverkéier tëschent Männer ass entkriminaliséiert

Geschlechtsverkéier tëschent Männer ass zu Singapur net méi illegal. Dat huet d'Parlament vum asiateschen Inselstaat en Dënschdeg decidéiert.

Membere vun der LGBTQ-Communautéit hu mat Erliichterung op dës Entscheedung reagéiert.

Bis ewell war gläichgeschlechtleche Sex zu Singapur duerch ee Gesetz aus der brittescher Kolonialzäit ënner Strof gestallt ginn. De Paragraf 377A hat homosexuell Praktike mat enger Héchststrof vun 2 Joer Prisong sanktionéiert.

Zwar gouf dës Strof schonn zanter Joren net méi applizéiert, mä trotzdeem gouf vun Aktiviste scho laang kritiséiert, datt dëst Gesetz dem ëmmer méi modernen an dynamesche Liewensstil zu Singapur widdersprieche géing.

Op der anerer Säit gouf en Dënschdeg awer och eng Verfassungsännerung ugeholl, déi kloerstellt, datt e Mariage nëmmen tëschent engem Mann an enger Fra kéint sinn. Pläng, dëst an Zukunft ze änneren, géifen et den Ament keng ginn, sou de Sozial- a Familljeminister Masagos Zulkifli. Géif sech déi gesellschaftlech Astellung zum Thema änneren, kéint een allerdéngs och iwwert eng Ännerung vum Gesetz nodenken.

Wéi aus engem 2020 verëffentlechte Rapport vum LGBTQ-Daachverband "Ilga" ervirgeet, ass Homosexualitéit an 69 Länner verbueden, dovunner gëtt se an 11 Länner mam Doud bestrooft.