Drénkwaasser ass eng essenziell Ressource, dofir sollen d'Leit am Fall vun enger Perturbatioun dat méi einfach matgedeelt kréien.
Am Kader vun der Strategie "smart city" huet d'Stater Gemeng en neie System virgestallt, dee bei engem Problem am Drénkwaasserreseau d'Leit informéiert.
Bei enger Perturbatioun um Drénkwaasserreseau, géif e Message dat um Internetsite vun der Ville de Luxembourg uweisen. Wann een dann op dëse Message dréckt, da gëtt een op eng Säit weidergeleet, déi di wichtegst Informatiounen zum Virfall resuméiert. Dës Donnéeë ginn dann ëmmer rëm aktualiséiert bis et dann eng Entwarnung gëtt.
Ausserdeem proposéiert de Site verschidden Äntwerten zu deene meescht gestallte Froen, wéi zum Beispill d'Dauer vun enger Pann oder wat ee maache soll wann d'Drénkwaasser en eegenaartege Geroch huet.
Mat der Cityapp-VDL soll et fir Benotzer dann och méiglech sinn, e Widget an d'Applikatioun ze placéieren. Mat dem Widget huet een dann direkt Zougang zu de wichtegsten Informatiounen iwwert d'Drénkwaasser. An engem Fall vun enger Perturbatioun am Waasserreseau gëtt d'Persoun, mat der Viraussetzung datt d'Notifikatioune fir dëse Widget aktivéiert sinn, informéiert.