Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Soll e Basidschi blesséiert hunn: Éischt Hiriichtung am Zesummenhang mat Protester am Iran

Am Iran ass eng éischte Kéier en Doudesurteel am Zesummenhang mat de Protester géint d'Staatsféierung an Teheran vollstreckt ginn.

Wéi d'Justiz op hirer Websäit "Misan Online" matgedeelt huet, gouf en Donneschdeg e Mann higeriicht, deen Enn September bei enger Stroosseblockad an Teheran e Member vun der paramilitärescher Basidsch-Miliz blesséiert soll hunn.

De "Randaléierer" Mohsen Schekari hätt de 25. September de Sattar-Khan-Boulevard blockéiert an e Basidschi an déi lénk Schëller gestach hunn, sou d'Justiz an der Erklärung. En Donneschdeg de Moie wier hien higeriicht ginn.

De Schekari war deemno den 1. November vun engem Revolutiounsgeriicht an Teheran verurteelt ginn. Den 20. November hat dat Iewescht Geriicht den Appell opgewisen an domat d'Vollstrecke vum Urteel erlaabt. De Schekari gouf schëlleg gesprach, well hie gekämpft hätt "mat der Intentioun een ëmzebréngen, Terror ze verbreeden souwéi d'Uerdnung an d'Sécherheet vun der Gesellschaft ze stéieren" a well hie seng Waff gezunn soll hunn.

Teheran bezeechent d'Demonstranten als "Randaléierer" a reprochéiert den USA, anere westleche Länner a kurdeschen Exil-Gruppéierungen, d'Protester z'ënnerstëtzen. Déi iranesch Justiz huet nach 11 weider Ugekloten am Zesummenhang mat de Protester zum Doud verurteelt.