Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Sommet vun den EU-Energieministeren: Iwwerméisseg Beneficer vun Energieproduzente solle limitéiert an ëmverdeelt ginn

E Freideg hu sech d'EU-Ministeren zu Bréissel gesinn, fir iwwer néi Mesurë géint d'Hausse vun den Energiepräisser ze decidéieren.

D'EU-Energieminister si sech e Freideg de Moien eens ginn, fir de Stroumkonsum obligatoresch ze reduzéieren, iwwerméisseg Beneficer vu Stroumproduzenten ze limitéieren a fir eng Zort Solidaritéitssteier fir Produzente vu fossiller Energie anzeféieren. Dat deelt déi tschechesch Presidence op Twitter mat. An Zäiten vun héijer Demande engagéiere sech d'Memberstaaten verpflichtend 5 Prozent Stroum ze spueren. Doriwwer eraus wëllen d'Länner hire Stroumverbrauch fräiwëlleg ëm 10 Prozent reduzéieren.

⚡️ #TTE Energy | DEAL!👏 Ministers reached a political agreement on measures to mitigate high electricity prices: mandatory electricity demand reduction, cap on market revenues from inframarginal electricity producers and solidarity contribution from fossil fuels producers. pic.twitter.com/BLU4fxWNWj

— EU2022_CZ (@EU2022_CZ) September 30, 2022

Energiekonzerner mussen donieft an Zukunft en Deel vun hire Krisegewënner un de Staat ofginn. Hir Recetten sollen an Zukunft bei 180 Euro pro Megawattstonn gedeckelt ginn. Mam Iwwerschoss sollen um Enn d'Leit dann entlaascht ginn. Den Accord muss awer nach formell confirméiert ginn.

D'Mesuren treffen net nëmmen d'Produzente vu bëllegem Stroum aus erneierbare Sourcen, mä och Pëtrol-, Kuel a Gaskonzerner grad wéi och Raffinerien. Déi sollen eng Solidaritéitscontributioun ginn an Héicht vun op mannst 33 Prozent vun hiren Iwwergewënner.

Wéi et mam Deckel um Gaspräis ausgesäit, dee 15 Memberstaate gefuerdert haten, ass nach net bekannt. E Freideg de Moie gouf et an där Fro nach keen Accord. Däitschland huet sech géint e Präisdeckel beim Gas ausgeschwat. Et dierft et net sou wäit komme loossen, datt ze wéineg Gas an Europa geliwwert gëtt. Och Lëtzebuerg huet wéinst der Versuergungssécherheet vun de verschiddene Länner Bedenken.

En Erkläerartikel zu de verschiddene Mesuren fannt Dir hei.