Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Sommet vun den Immigratiouns- an Inneminister: Decisioun iwwer d'Erweiderung vum Schengenraum

En Donneschdeg ass zu Bréissel e Sommet vun den Immigratiouns- an Inneminister vun de 27 EU-Memberlänner.

Hei soll eng Decisioun iwwer eng méiglech Erweiderung vum Schengenraum falen. D'EU-Kommissioun huet Rumänien a Bulgarien jo scho méi laang certifiéiert, dass si d'Konditiounen erfëllen, fir opgeholl ze ginn. Mëttlerweil wier dat och bei Kroatien de Fall.

Fir dass nei Länner dem Schengenraum bäitriede kënnen, ass eng Unanimitéit vun alle Memberlänner néideg. Déi gëtt et den Ament allerdéngs net. Holland an Éisträich stelle sech nämlech queesch, well duerch déi 3 Länner nees ëmmer méi illegal Flüchtlingen an d'EU kéimen.

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn deelt dës Aschätzung iwwerhaapt net. Hie selwer ass no enger Operatioun en Dënschdeg net zu Bréissel. Vertruede gëtt hien duerch d'Sylvie Lucas, déi permanent Vertriederin vu Lëtzebuerg bei der EU.