Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Sonndesinterview mam Astrid Lulling: "Ech hunn 49 Joer laang Politik gemaach an ëmmer gär"

Déi laangjäreg Europadeputéiert, national Deputéiert a Buergermeeschtesch schwätzt am RTL-Interview iwwert Gambia, d'CSV, Fraerechter a Gewerkschaften.

"Vorsicht vor dem bisschen Hund", mat deem Schëld op der Hausdier gëtt ee beim Astrid Lulling empfaangen - "Bisschen.. wuelverstanen... net bissig..."

Fir hir schaarf Zong ass si bekannt, déi haut 93 Joer al Vollbluttpolitikerin.

Een Hond hat d'Astrid Lulling ni , "si fäert se", seet eis hiren Neveu Jérôme, dee bal all Dag no der Tatta kuckt. Bei deem Liewen - ëmmer op der Rull, bis 85 Joer Member vum Europaparlament - wier de Mupp wuel och ze kuerz komm.

"Ech hunn net vermësst dass ech kee Mann a keng Kanner hat - et war eben een anert Liewen"

Tipptopp friséiert an noenee gemaach, empfänkt si eis - wuel mam Rollator ënnerwee - mee et geet schëtzeg viru mat der Maschinn. Lues war den Tempo an der Madamm Lulling hirer Karriär wuel ni.

"Ech bekloe mech net, ech hu bëssche Problemer mat de Been, mee soss geet et mer gutt , an hei uewen am Kapp geet nach alles."

RTL

Och mat 93 Joer nach ëmmer energesch an net op de Mond gefall. / © Luc Rollmann

An da kënnt och direkt, dat, wat si net verquësst huet:

"Ech war schwäiwëll, dass d'CSV mech 2014 net méi matgeholl huet, ech war 85, mee ech war nach gutt a Form an hätt nach villes kënne maachen. Et wier gutt gewiescht fir d'Land, wa se mech matgeholl hätten, well ech hat eng gutt Renommée am Europaparlament, da kann ee vill erreechen."

Dass al Leit vun der Politik ecartéiert ginn, wier net demokratesch, och déi eeler Persoune misste vertruede sinn.

Eeler Persounen an der Politik

Kamera: Luc Rollmann

Zu der Politik an hirer Heemescht, wëll si sech net äusseren. Déi gebiertegt Schëfflengerin huet jo 15 Joer laang d'Geschécker an hirer Gemeng geleet. Dass haut déi Gréng op lokalem Plang ëmmer méi Verantwortung mat iwwerhuelen, sou wéi och zu Schëffleng, gesäit si net sou gär:

"Et kann ee jo fir de Klima sinn, mee ouni sou ideologesch ze si wéi di Gréng, déi de Leit alles verbidde wëllen."

RTL

Tëscht 1970 an 1985 war d’Astrid Lulling Buergermeeschtesch vu Schëffleng. / © Privatarchiv Astrid Lulling

1965 kënnt d'Astrid Lulling als éischt Fra nom Krich an d'Chamber a gëtt dat selwecht Joer och Europadeputéiert. Bis 1974 ass si Member vum Europaparlament, an dunn nach emol vun 1989 bis 2014. Allerdéngs hat d'Sozialistin dertëscht d'Partei gewiesselt. No interne Streidereien an der LSAP war si 1971 Matgrënnungsmember vun der neier Partei SDP - d'sozialdemokratesch Partei. 14 Joer laang ass dat déi politesch Heemescht vun der Astrid Lulling, déi sech nach haut als Sozialdemokratin bezeechent. 1982 hëlt de Pierre Werner si bei d’CSV.

RTL

An der Mëtt vum Bild, de Pierre Werner an d'Astrid Lulling / © Privatarchiv Astrid Lulling

"Wësst der: tëscht sozialdemokratesche Parteien a chrëschtlech Sozialen ass am Fong kee groussen Ënnerscheed", esou d'Äntwert, déi ee kritt, wann ee si drop uschwätzt, dass si hirer politescher Linn jo net ëmmer ganz trei bliwwen ass.

RTL

Vun der jéngster Vertriederin am Europaparlament bis zu der eelster. / © Privatarchiv Astrid Lulling

"Dat Gestreits an der CSV hätt net misse sinn, mee wann ee mat engem wéi dem Engel ze dinn huet..."

"Mir haten ee ganzt gutt Verhältnis, mee hien ass e bemol sou komesch ginn", esou d'Bemierkung vun der Madame Lulling, wann ee se op d'Gestreits bei der CSV, de Frank Engel an d'Frëndeskreesaffär uschwätzt.

"Mir hunn an der Partei vill iwwert d'Verfassungsreform diskutéiert. De Spautze Jang an ech mir si jo nach am Comité vun de Senioren, a mir hu gesot: et soll an d'Verfassung stoe kommen, dass no der Wal de Staatschef déi gréisst Partei domadder beoptraagt, eng Regierung ze forméieren, mee dat hu se jo net gemaach, wéi domm ass een dann.. Si hunn et mol net probéiert."

D'Astrid Lulling ass iwwerzeegt, dass d'CSV méi Chancen hätt, an déi nächst Regierung ze kommen, wa se manner Sëtz hätt.

Iwwert d'CSV

Kamera: Luc Rollmann

D'Fro u meng Gespréichspartnerin: Wéi ass dann är Prognos fir d'Walen am Hierscht?

"Prognos oder Hoffnung?", war d'Géigefro mat engem verschmëtztene Laachen am Gesiicht. Gambia hätt "net alles schlecht gemaach", mee dës Regierung wier "net méi kapabel d'Land" anstänneg ze regéieren.

Iwwert déi aktuell Regierung

Kamera: Luc Rollmann

Vu Quereinsteiger an d'Politik hält d’Astrid Lulling net vill: "Firwat brauche mer da Walen, wa Leit an d'Politik parachutéiert ginn, déi mol net gewielt sinn."

Gambia hätt einfach net genuch Personal.

"Ech hoffe fir d'Land, dass d'Lenert net Premier gëtt, dann ass de Xavier nach besser, an nach besser ass de Frieden."

Der Astrid Lulling hir politesch Wéi steet wuel bei de Sozialisten, mee dass d’Paulette Lenert nächst Premierministesch kéint ginn, hofft d'Aarbechtermeedchen aus dem Minett net.

Si hätt hir Aarbecht als Gesondheetsministesch zwar gutt gemaach, mee dat wier jo normal, dass ee seng Aarbecht als Ministesch gutt mécht. Et géif der forméierter Juristin awer u politescher Erfarung feelen, fir eng Regierung ze leeden.

Iwwer Lenert, Bettel a Frieden

Kamera: Luc Rollmann

Déi fréier Europadeputéiert ass ganz zefridde mam Choix vun hirer Partei, de Luc Frieden als Spëtzekandidat ze nominéieren. Hien hätt déi néideg Kompetenz grad an dëse schwieregen Zäiten, fir d'Land ze leeden.

Allerdéngs schléisst déi erfuere Politikerin och net aus, dass Gambia falls et knapp mat de Sëtz gëtt, nach d'Piraten an d'Boot huelen. "Da gi se zu 4. De Clement, dee schwätzt gutt jo, dat ass awer och, well se nëmmen zu 2 an der Chamber sinn, hie kënnt jo vill méi oft dru wéi déi vun der CSV, déi zu 21 sinn", kritiséiert si mat hirer eenzegaarteg markanter Stëmm.

"Mir mussen alles maachen, dass d'Ukrain dee Krich gewënnt, mir hunn eis ze laang op d’Amerikaner verlooss"

D'Astrid Lulling war 11 Joer al, wéi den zweete Weltkrich ugefaangen huet. Zwee vun hire Bridder sinn am Krich gefall. Dat eenzegt Meedche war nokomm, hir Mamm hat schonn 42 Joer, wéi si op d'Welt koum, de jéngste Brudder war dunn 9 Joer al.

Den Däitschen hätt si eppes ze verdanken: déi Bescht aus der Klass duerften deemools an de Lycée, "soss hätt ech wuel keng Premiere gemaach mee wier vläicht Butteksmeedche ginn".

RTL

D’Astrid Lulling – hei mam Robert Schuman- huet d’Grënnungsgeschicht vun Europa materlieft.

D'Europäer hätte sech déi lescht Joerzéngten net genuch op eng Situatioun, wéi mer se haut hunn, preparéiert.

"Mir hunn eis ze laang op d'Amerikaner verlooss", bedauert d'Astrid Lulling, déi déi ganz europäesch Grënnungsgeschicht materlieft huet .

"Wat ass an der Zäit een Zirkus gemaach ginn, virun allem vun deene ganz Lénken, wa sollt an d’Militär investéiert ginn. Mir mussen alles maachen, dass d’Ukrain dee Krich wënnt, mir mussen eis kënne wieren."

RTL

49 Joer politesch aktiv / © Privatarchiv Astrid Lulling

D’Gewerkschaften hate fréier vill méi Pouvoir, Sie hu méi zesumme gehalen an Europa

D'Astrid Lulling huet als Gewerkschaftssekretärin beim LAV, dem Lëtzebuerger Aarbechterverband, ugefaange mat schaffen. D'Gewerkschaften hätten deemools nach vill méi ze soen gehat, hätte vill méi Pouvoir gehat an op europäeschem Plang besser zesummegehalen.

"D'Gewerkschaftler ware jo och Deputéiert an an der Gemengepolitik, et ware keng Intellektuell, mee Aarbechter. Si hu méi verstane vun de Suerge vun de Leit"

Fraerechter: "Mir hunn all d'Gesetzer déi mir brauchen; wa se net ëmgesat ginn, muss ee sech wieren"

D'Rechter vun de Frae louchen der Astrid Lulling ëmmer um Häerz, si huet sech an e sëllege Fraenorganisatiounen engagéiert a se presidéiert. Haut wier gesetzlech alles gereegelt, fir dass d’Frae gläich Rechter hunn.

"Wann dat an der Praxis net ëmgesat gëtt, muss ee sech wieren", betount déi 93 Joer al Fraerechtlerin. "Mir hunn dat och ëmmer gemaach a mir hunn ëmmer gewonnen!"

"Ech hat ee Liewe bal wéi ee Mann", zielt d’Astrid Lulling um Enn vun eisem Gespréich, "ech hätt dat net kënne maachen ouni meng Mamm. Si huet sech ëmmer ëm de Stot gekëmmert, ech hu mech just missen ëm d'Politik këmmeren an hunn dat vu Méindes moies bis Sonndes owes gemaach, an ech hunn et gär gemaach."

Dass si 49 a keng 50 Joer politesch aktiv war, huet se net verdaut an da gëtt nach eng ausgedeelt: "50 - dat huet d'Reding mer kapott gemaach, well dat 2014 net méi d'Accord war, dass ech sollt kandidéieren."

D’Astrid Lulling wier jo och net d’Astrid Lulling, wann der net e puer lénks a riets mat spatze Bemierkungen an engem onschëllege Gesiichtsausdrock verdeelt ginn.

RTL

"Den 11 te Juni – den Dag vun de Gemengewalen feiert d’Astrid Lulling hir 94." / © Luc Rollmann

Um Enn vum Gespréich krute mer ee Kaffi an eng Eclair zerwéiert - kee Pättche vun der Musel - mir kruten en awer ugebueden. E Bar huet se och bei sech doheem d'Madame Lulling. Deen zu Stroossbuerg ass jo no hir benannt.

Am Juni feiert d’Astrid Lulling hir 94 - den Datum fält grad op d'Gemengewalen: "Si hu mech awer net mat op d'Lëscht geholl!", seet si a laacht.