Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Sonndesinterview mam Jean Asselborn: "Wann d'Diplomatie net méi gräift, da gräift just nach d'Gewalt"

Den Ausseminister schwätzt am RTL-Interview iwwert seng Gesondheet, de Krich an der Ukrain an d’Superwaljoer.

U mäin éischten Interview mam Jean Asselborn kann ech mech nach gutt erënneren. Als jonke Journalist war ech ganz nervös. Fir eist Gespréich haut, huet de Stengeforter Jong, mech a säi Büro bestallt. De Lëtzebuerger Ausseminister wierkt e bëssen ugeschloen. D'Erklärung einfach: Viru knapp zwee Méint gouf en um Knéi operéiert. "Ech sinn nach net ganz fit", sinn di éischt Wierder, déi ech vun em héieren.

Eng Passioun deele mer, déi vum Sport, dem Vëlossport. Dee steet an der Stuff zu Stengefort. D’Dokteren hu geroden, déi richteg Mooss ze fannen: Beweegung jo, awer net iwwerdreiwen.

D'Welt op der Kopp

De Jean Asselborn kritt am Abrëll 74 Joer, Ausseminister ass e bal 20 Joer. 2004 wier d’Welt nach an der Rei gewiescht. Eng Welt voller Hoffnung. D’Amerikaner an d’Russe sinn openeen duergaangen. Datt d’Russen de 24. Februar 2022 alles esou fundamental op d’Kopp géife geheien, hätt een sech net kënne virstellen.

Asselborn Reegelen Aussepolitik

"Dat ass wei wann een an der Physik géif soen, d’Schwéierkraaft ass ofgeschaaft. Esou ass et an der Aussepolitik, do sinn all d’Reegelen di opgebaut gi sinn, de 24. Februar vun de Russen ausser Kraaft gesat ginn. Dat heescht déi ziviliséiert Reegele vum internationale Recht. Dat ass eppes wat wéi deet. Et ass doduerch immens schwéier ginn.”

RTL

© Pedro Venanzio

"D'Ukrain brauch Waffen, fir sech ze wieren"

Et géif net méi duergoe mat defensive Waffen, et mussen och elo méi schwéier Geräter an d’Ukrain kommen, fir enger grousser russescher Offensiv entgéint ze wierken, fir datt net déi ganz Ukrain iwwerrannt gëtt, esou de Jean Asselborn. Géif een der Ukrain net d’Méiglechkeet ginn, sech ze verdeedegen, géifen d’russesch Truppen no e puer Wochen op der polnescher Grenz stoen.

Asselborn Waffeliwwerungen

"Wann de Putin domadder duerchkënnt, dann ass d’Demokratie, de Rechtsstaat, alles wat mer vu fundamentale Wäerter nom zweete Weltkrich opgebaut hunn, ass dann a Gefor. Fir eis Kanner a Kandskanner. Den Effort, deen elo muss gemaach ginn, leider och mat schwéiere Geräter, sinn noutwendeg. Wann dee Moment eng Kéier verpasst ass, da sinn eis Wäerter a Gefor. An déi Wäerter do, ginn och gebremst mat Blutt, net mat Sue wéi bei eis, mat Blutt vun den Ukrainer."

RTL

© AFP

D’Nato ass net am Krich mat Russland, esou den Ausseminister. Et wieren déi eenzel Länner, déi der Ukrain aus defensive Grënn schwéier Waffen, wei Panzeren, liwweren.

Keng direkt Kontakter méi mat Russland

De russeschen Ausseminister Sergej Lawrow gouf am nämmlechte Joer Ausseminister wei de Jean Asselborn. Zweemol d’Joer hätte béid Chefdiplomaten sech getraff. De Sergej Lawrow vun haut wier een anere Mënsch.

Zu Russland huet de Lëtzebuerger Ausseministère den Ament keng direkt Kontakter méi. Aus der Sicht vum Jean Asselborn hätt schwätzen de Moment kee Sënn.*

Asselborn Diplomatie Gewalt

"Dat ass eppes wat un ee geet. Do stellt een sech déi fundamental Fro: Ass d’Diplomatie iwwerhaapt nach kapabel fir an esou enger Situatioun Fridden hierzestellen? An dat ass jo dat fataalt dobäi, wann d’Diplomatie net méi gräift, da gräift just nach eent, an dat ass d’Gewalt."

Et wier awer gutt, datt et weider een Drot tëscht der US-amerikanescher an der russescher Arméi gëtt. Mat engem Russland ënnert engem President Wladimir Putin wier eng normal Bezéiung mam Westen net méi méiglech.

Vill Konflikter uechtert Welt

Iran, Afghanistan a villen anere Länner op der Welt géifen d’Mënscherechter mat Féiss getrëppelt ginn,virop d’Fraerechter. D’EU wier hei gefuerdert. Spezifesch Sanktioune géint dës Regimmer wieren de richtege Wee. E Suergekand wier och d’Tierkei an hir Roll an der Fro vum NATO-Bäitrëtt vu Schweden a Finnland.

RTL

"Heiansdo ass et schwéier"

1984 ass de Jean Asselborn fir d’éischt fir d’LSAP mat an d’Chamberwale gaangen. Déi am Oktober sinn seng 9. Chamberwalen. Wann een als Minister bis zum Schluss a sengem Amt wier, misst een sech dann och der Wal stellen, esou gesäit et den erfuerene Politiker.

"Soulaang ech do sinn, soulaang ech a Funktioun sinn, muss ech Energie hunn, fir dogéint ze halen. An di hunn ech och. Déi Expressioun vun dem Wielerwëlle soll een ofwaarden, éier een u Posten denkt oder u Koalitiounen denkt. Ech weess net, wéini di Wale genee sinn, mee se sinn am Oktober an do musse mer dat ofwaarden, wat de Wieler do seet an da ginn déi richteg Konsequenze scho gezunn."

Wat dat elo konkret heescht, sinn ech am Interview net gewuer ginn. Och net op mer de Jean Asselborn géifen an der Chamber sëtze gesinn. Net datt um Enn aus dem Wielerwëllen e wëlle Wieler gëtt.

*An enger éischter Versioun vum Artikel stoung, datt Lëtzebuerg keng diplomatesch Bezéiunge méi zu Russland huet. Lëtzebuerg huet ëmmer nach eng Ambassade zu Moskau an och di russesch Ambassade ass nach am Grand-Duché. De Lëtzebuerger Ausseministère huet awer den Ament keng direkt Kontakter méi mat Russland, wei quasi all di aner EU-Memberstaaten.