Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Spangdahlem: Explosioun an engem Eefamilljenhaus, Bewunner gouf blesséiert

RTL

© Input-Presse

Géint 2.30 Auer gouf et eng Explosioun an engem Haus hei vir an Däitschland. Den eenzege Bewunner vum Haus gouf dobäi schwéier blesséiert.

D'Gebai gouf duerch d'Explosioun och schwéier beschiedegt an d'Strooss ëm d'Haus huet misste gespaart ginn. Eng Gefor fir Noperen huet awer net bestanen. An der Strooss gouf e Stroum awer ausgeschalt, well d'Leitung beschiedeg gouf.

Aktuell besteet och de Risiko, datt d'Gebai kéint astierzen. Well een dowéinst net an d'Gebai ka goen, kann d'Police och aktuell net genau soen, wéi et genau zur Explosioun koum. De Pompjeeën no kann eng Gasexplosioun awer ausgeschloss ginn, well d'Haus net un de Gasreseau ugeschloss war. D'Ermëttlunge lafen.