Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Spezialkommissioun: Ëmsetzung Tripartitesaccord: Et soll séier goen

De finale Pabeier vun der Tripartite gëtt den Ament um Krautmaart an Texter gegoss.

An der zoustänneger parlamentarescher Spezialkommissioun goufen de Mëttwoch de Moien d'Hëllefe fir d'Betriber debattéiert. De Wirtschaftsminister Franz Fayot an de Mëttelstandsminister Lex Delles hunn Explikatioune ginn. D'Zil ass et, fir séier virunzekommen.

Tripartite Spezialkommissioun/Reportage Pit Everling

An existent Gesetzer ofänneren, dat geet méi séier wéi neier schreiwen. D'Betriber solle jo notamment bei den Energiekäschten ënnert d'Äerm gegraff kréien.

"Bis zu engem Montant vu 500.000 Euro pro Betrib, wann et eng Augmentatioun vun den Energiekäschte vu méi wéi 80% par Rapport zu 2021 gëtt. Hei proposéiere mer Amendementen un engem bestoenden Text, fir datt et séier geet.", esou den DP-Mëttelstandsminister Lex Delles.

Net just déi grouss Energiekonsumente solle profitéieren, mä och déi aner. D'Hëllefe fir d'Entreprisë goufen no der Reunioun vu kenger Säit a Fro gestallt. D'Piraten hätten awer gäre konkret Texter gehat, d'ADR verweist op en europäesche Kontext, wou d'Entreprisen net an all Land d'selwecht gehollef kréichen. Wat bedeit et, wa ganz geschwënn eng weider Indextranche erfält? Déi Fro stellt den CSV-Co-Fraktiounschef Gilles Roth.

"Da muss ee kucken, ob déi Prämissen, wou den Tripartitesaccord negociéiert gouf, nach alleguer spillen oder net."

Am Accord gouf jo a leschter Minutt bäigefléckt, datt de Staat sech engagéiert, fir fir eng potentiell drëtt Indextranche am Joer 2023 opzekommen. Déi Zouso bleift, sou den DP-Kommissiounspresident Gilles Baum, och wann dësen Engagement am Moment néierens konkret zu Pabeier bruecht gëtt.

"Et gëtt näischt weider néiergeschriwwen. Mir gi jo hei vun enger Hypothees aus a mir kënnen eis an de Gesetzer net op Hypotheese baséieren. Mir mussen eis op dat baséieren, wat mer wëssen. Wat mer wëssen, ass dat, wat de Statec gesot huet. Eng Indextranche am Ufank vum Joer, eng den éischten Abrëll. Dat gouf am Tripartitesaccord ënnerschriwwen, mat enger Clause de Rendez-vous, falls eng drëtt Tranche sollt erfalen."

En Donneschdeg kënnt den Energieminister Claude Turmes an d'Spezialkommissioun an déi aner Woch si Vertrieder vum Statec invitéiert.