Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Spiller vun de klenge Länner - 3. Dag: Gold am Schwammen a Sportschéissen, Sëlwer a Bronze am Dëschtennis

E Mëttwoch war den drëtten Dag vun de Kompetitioune bei de Spiller vun de klenge Länner op Malta.

Am Basket am 3x3 an am Rugby war haut den Optakt vun der Kompetitioun, wou d'Lëtzebuerger direkt e puermol am Asaz waren. Am 3x3 konnt d'Dammenekipp mam Cathy Schmit, Nadia Mossong, Lisa Jablonowski a Bridget Yoerger 3 vun 3 Matcher gewannen. Domat spille si en Donneschdeg an der Halleffinall géint déi Véiert. D'Hären hirersäits konnten hir éischt zwee Matcher gewannen, den drëtte Match hunn de Victor Stein, Christophe Laures, Sam Ferreira a Scott Morton awer géint Andorra verluer.

Am Rugby gouf et 3 Néierlage fir d'Dammenekipp. D'Häre sinn hirersäits nach ëmmer ongeschloen, well si hunn 3 vun 3 Matcher gewonnen.

Am Dëschtennis sinn haut déi éischt Medaile verdeelt ginn an zwar an den Ekippekompetitiounen. D'Lëtzebuerger Dammen hunn an der Halleffinall géint Monaco verluer a gewannen deemno Bronze. D'Hären hunn et bis an d'Finall gepackt, hei hu si esou knapp wéi nëmme méiglech géint Malta verluer, esou datt et just fir Sëlwer duergaangen ass.

RTL

Vu lénks no riets: Julie Poncin, Ni Xiao Jing, Ariel Barbosa, Tessy Gonderinger, Eric Thillen, Luka Mladenovic, Eric Glod

Am Sportschéisse war e Mëttwoch d'Finall am Trap a mat der Loftpistoul iwwer 10 Meter. Mat der Loftpistoul koum d'Sylvie Schmit e Mëttwoch an der Finall op déi 8. Plaz. Am Trappschéissen huet d'Lena Bidoli fir Lëtzebuerg Gold gewonnen. De Lyndon Sosa ass am Trap och an d'Finall komm, huet awer keng Medail gewonnen.

Am Squash war et e Mëttwoch den Optakt vun der Ekippekompetitioun. D'Lëtzebuerger Hären hunn hei an der Gruppephas géint Zypern gewonnen a géint Liechtenstein verluer.

Am Tennis war et e Mëttwoch kee gudden Dag fir d'Lëtzebuerger. Am Eenzel gouf et Néierlage fir de Raphael Calzi, den Alex Knaff an d'Eleonora Molinaro. Eenzeg d'Marie Weckerle huet hire Simple gewonnen a steet domat an der Halleffinall. Am Hären-Dubbel hu Calzi a Knaff an der Halleffinall géint eng malteesesch Koppel de Kierzere gezunn.

Aus dem Schwamme ginn et nees gutt Nouvellen. Iwwer 100 Meter Réck huet de Remi Fabiani Gold gewonnen, fir de Max Mannes war et d'Bronzemedail. Bei den Damme krut d'Sarah Rolko och Bronze iwwer 100 Meter Réck. De Pit Brandenburger krut iwwerdeems Sëlwer iwwer 400 Meter Crawl an de Ralph Daleiden-Ciuferri Bronze iwwer 100 Meter Papillon. D'Damme-Staffel iwwer 4x200 Meter Crawl huet eng weider Bronzemedail gewonnen a fir den Ofschloss huet d'Häre-Staffel iwwer 4x200 Meter Crawl Gold gewonnen.

RTL

Domat waren et um Mëttwoch 3 Goldmedailen, 2 Sëlwermedailen an et gouf 5 Mol Bronze. Am éiwege Medailespigel huet de Grand-Duché e Mëttwoch déi 400. Goldmedail geséchert.

Am Medailespigel vun dësem Joer läit Lëtzebuerg elo op der 3. Plaz mat 6 Goldmedailen, 8 Sëlwermedailen an 13 Bronzemedailen. Zypern läit op der éischter Plaz mat 14 Mol Gold a Malta op der zweeter Plaz mat 12 Goldmedailen.