Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

St George's Chapel um Schlass Windsor: Grafsteen vun der Kinnigin Elizabeth II devoiléiert

RTL

© ROYAL COLLECTION TRUST/AFP

E Samschdeg, fënnef Deeg no der Bäisetzung vun der Queen, als hire Grafsteen an der St George's Chapel um Schlass Windsor devoiléiert ginn.

Op enger Foto, déi vum Buckingham Palace publizéiert ginn ass, ass den Numm vun der 96 Joer aler Monarchin nieft dem Numm vum Prënz Philip ze gesinn, deen d'lescht Joer am Alter vun 99 Joer gestuerwen ass. De Steen ass aus schwaarzem Marmer aus der Belsch, d'Schrëft ass aus Messeng.

Och d'Nimm vun der Kinnigin Elizabeth hiren Elteren, dem Kinnek George VZ (1895-1952) an der Queen Mum (1900-2002), sinn um Grafsteen ze liesen. An der Kapell läit och d'Princess Margaret begruewen, der Queen hir Schwëster.