Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Staatsbudget : Amendement iwwer reduzéierte Taux op Taxe d'Abonnement suergt fir Diskussiounen

D'Oppositioun fäert domadder en Desavantage fir d'Lëtzebuerger Finanzplaz, d'Majoritéit wëll de "Greenwashing" verhënneren.

D'Zäit leeft a bis Mëtt Dezember muss de Staatsbudget gestëmmt sinn, notamment och, fir datt d'Mesuren, déi an der leschter Tripartite decidéiert goufen, pünktlech op den 1. Januar kënnen a Kraaft trieden.

D'Regierung huet awer och nach op der leschter Ligne Droite eng ganz Rëtsch Amendementer zum Budgetsprojet virgeluecht, iwwer déi an der zoustänneger Chamberfinanzkommissioun diskutéiert gouf.

Een Amendement huet awer fir Diskussioune gesuergt: sou soll e reduzéierten Taux op der Taxe d'Abonnement accordéiert ginn, wann déi entspriechend Fongen no sozialen an nohaltege Critèren investéiert ginn, déi der Ëmwelt ze gutt kommen. Domat soll also verhënnert ginn, datt zum Beispill Investissementer an d'Atomenergie géife steierlech begënschtegt ginn.

D'Oppositioun sot sech "verwonnert" iwwer dës Mesure a fäert Desavantage fir d'Finanzplaz grad wéi juristesch Risken, wa Lëtzebuerg d'EU-Reegelen ofännert. D'Majoritéitsparteie wëllen dogéint mat dësem Schratt de sougenannte "Greenwashing" verhënneren.

Mat de Stëmme vun der LSAP-DP-Grénger-Majoritéit goufen eng Rëtsch aner Budgets-Amendementer ugeholl: dat betrëfft ënner anerem d'steierlech Exemptiounen op Bio-Sprit an d'Verhënnere vun enger duebeler Besteierung vun verschiddenen Finanzprodukter.

Rapporter vum Staatsbudget 2023 ass dëst Joer den DP-Deputéierten Max Hahn.