Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Staatsministère confirméiert: E Member vum Personal vun der Fra vum Grand-Duc schlecht behandelt

Wéi d’"Land" dëse Freideg schreift an RTL confirméiert krut, gouf esou e Fall gemellt.

Rieds geet vun enger verbaler Ausernanersetzung tëscht der Maria Teresa an enger vun hiren Employéeën. D’Faite sinn etabléiert, heescht et op Nofro hin aus dem Staatsministère.

Am Staatsministère befaasst sech de Generalsekretär vum Regierungsrot de Jacques Flies ëm den Dossier. Hien ass nämlech och als Vertrieder vun der Regierung am Koordinatiounskomité vun der Maison du Grand-Duc. Fir hie wier, wat geschitt ass, "inacceptabel".

Dowéinst gouf d’Employée déi schlecht behandelt gouf, op en anere Poste versat, fir se ze schützen. Eng aner Employée huet gefrot, fir versat ze ginn a krut dat accordéiert, sou d’Land, mee dozou ass nach net méi gewuer ze ginn. Ob d’Poste bei der Fra vum Grand-Duc nei besat ginn, ass net gewosst.

Den Haff gouf an der Suite vum Waringo-Rapport ëmorganiséiert an eng Maison du Grand-Duc geschaaft. D’Employéeë vum Haff hunn zanterhier de selwechte Schutz ewéi Employéeë vum Staat.