Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Stad Lëtzebuerg: Heesche gëtt zum groussen Deel verbueden

D'Heescherei soll an Zukunft an der Uewerstad an op der Gare verbuede ginn. Dat tëschent 7 Auer moies an 10 Auer owes.

De Stater Gemengerot huet eng entspriechend Upassung vum Policereglement mat de Stëmme vun der DP-CSV-Majoritéit ugeholl. D'Oppositioun, also d'LSAP, déi Gréng an déi Lénk hunn dogéint gestëmmt.

D'Majoritéit huet betount, datt een net déi sougenannten einfach Heescherte wéilt mat deem Reglement viséieren, mä déi organiséiert Heescherei. Wéi d'Ëmsetzung soll funktionéieren, dozou goufen et an der Sëtzung keng weider Detailer. Déi organiséiert Heescherei ass eigentlech schonn zanter 2015 an der Stad verbueden.

Et kéint een awer generell keng Distinctioun maachen, wien einfach ëm Hëllef freet a wien zu engem organiséierte Grupp gehéiert. "E Beweis bréngen ass ganz schwiereg. Mä dat kann net d'Ursaach sinn, fir d'Bengele bei d'Tromm ze geheien", sou d'DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer. Dofir elo en limitéiert sektoriellt Verbuet fir jiddereen.

Den CSV-Politiker Paul Galles vertraut op d'Fangerspëtzegefill vun deene Leit, déi dat verbaliséieren. Un d'Leit, déi Affer vun der organiséierter Heescherei wieren, kéim een duerch Sozialhëllef gewéinlech guer net erun. Si géingen dës refuséieren. E Constat, deen och den CSV-Sozialschäffe Maurice Bauer ënnerstrach huet.

D'LSAP huet dann dem Schäfferot reprochéiert, de Sujet ze notze fir virum Walkampf Polemik ze maachen. "D'Stater Bierger sinn embêtéiert vun deene Leit. D'Stater Geschäftsleit soen, se géingen hir Clientë verléieren", sou den Tom Krieps. Ausserdeem wier d'Ännerung vum Policereglement, wéi de Schäfferot se virgesäit, net konform mat der neier Verfassung, sou seng Aschätzung. Eng Aschränkung vun der Fräiheet vum Mënsch misst per Gesetz gereegelt ginn, an net per Reglement.

D'Buergermeeschtesch huet awer drop higewisen, dass et an de Gemengen Dikrech an Ettelbréck scho géing esou en Artikel am Reglement vun der Gemeng ginn. An och zu Diddeleng, ënnert enger anerer Form. Hei wieren doriwwer eraus och d'Bierger iwwert e Flyer zum Phenomen vun der organiséierter Heescherei informéiert ginn. Et kéint ee sech virstellen, dat och an der Haaptstad ze maachen, sou den CSV-Schäffe Serge Wilmes.

Déi Gréng fannen, dass de Schäfferot hei géing inhuman virgoen. Et géing probéiert ginn e Problem ze léise mat Mesuren, déi an der Praxis net kéinten ëmgesat ginn, sou d'Maria Eduarda de Macedo. An och de Conseiller vun Déi Lénk, de Guy Foetz, huet vun enger disproportionéierter Aktioun geschwat. Wann ee vun Heesche géing schwätzen, soll een dëst net mat engem kriminellen Akt a Verbindung bréngen.