Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Stäerkste Réckgang an 10 Joer: Zuel vun de Millionären ass 2022 weltwäit erofgaangen

Stäerkste Réckgang an 10 Joer

Bedéngt wier den "stäerkste Réckgang an 10 Joer" de Finanzexperten no virun allem duerch makroekonomesch a geopolitesch Onsécherheeten.

Nach ronn 21,7 Millioune Mënschen haten 2022 no Ofzuch vum Wäert vun hirem Haaptwunnsëtz nach méi wéi eng Millioun Dollar um Konto - dat sinn der 3,3 Prozent manner, wéi nach am Joer virdrun. Dat geet aus den Zuelen aus enger Etüd vun der franséischer Beroderfirma Capgemini ervir.

Net just d'Zuel vun de Millionären ass erofgaangen, mee och d'Verméige vun deene Räichste war weltwäit an der Decorissance. Zesummegerechent kommen déi Superräich nach op 83 Billiounen Dollar - ee Réckgang vun 3,6 Prozent.

Virun allem an Nordamerika ass d'Verméige geschrumpft, dat ëm ganzer 7,4 Prozent. An Europa war et e Minus vun 3,2 Prozent, wärend Asien an d'Pazifikregioun 2,7 Prozent manner Verméigen zur Verfügung haten. Eng Hausse am Verméige gouf et dogéint an Afrika, Latäinamerika an am Noen Osten, dat virun allem duerch déi héich Pëtrols- a Gaspräisser am Kader vum Krich an der Ukrain.