Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Statec: Inflatioun bleift och am September op engem héije Niveau stabel

Wéi de Statec matdeelt, geet de Jores-Taux vun 6,8 op 6,9% erop. Mam leschte Mount Verglach ass et also e Plus vun 0,3 Prozentpunkten.

Präisdreiwer waren d'Pëtrolsproduiten, déi bannent engem Mount ëm 2,3% an d'Luucht gaange sinn. Den Diesel ass souguer 6 Prozent méi deier ginn, de Liter Bensin ass ëm 1 Prozent erofgaangen iwwerdeem den Heizungsmasutt ëm 7 Prozent bannent engem Mount zougeluecht huet.

Am Verglach zum leschte Joer hunn d'Pëtrolsproduite global gesinn ëm iwwer 37 Prozent zougeluecht.

RTL

Och d'Liewensmëttelpräisser hu bannent engem Mount nawell e gudde Krack bäigeluecht: Plus 12 Prozent fir d'Geméis, eng Hausse vun bal 5 Prozent fir Eeër an Botter, deen ëm 2 Prozent méi deier ginn ass.

RTL

Interessant ze notéieren, datt iwwerdeem d'Präisser fir Fligerticketen am September ëm een Drëttel méi bëlleg gi sinn, esou de Statec.