Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Statec: PIB ass am 1. Trimester 2023 ëm 2% par Rapport vum Trimester virdrun eropgaangen

Vergläicht een et awer mam éischten Trimester 2022, esou ass et eng Baisse vun 0,4 Prozent.

De Statec huet seng éischt Estimatiounen iwwert de PIB vum éischten Trimester 2023 publizéiert. Dobäi goufen och d'Zuelen aus de leschten Trimester ugepasst.

Kucke mer eis d'Produktioun am Detail un (par Rapport vum leschten Trimester 2022), esou ass et am Finanz- an Assurancësecteur ëm 5,5% eropgaangen. Beim Commerce, Transport, der Hotellerie an der Restauratioun ass et dann eng Baisse vun engem hallwe Prozent, an der Activité immobilières ass et e Plus vun 2,1 Prozent, am Bausecteur esouguer 6,4. Eng Baisse gouf et dogéint an der Industrie, hei geet et 1,8 Prozent erof.

PDF: Weider Detailer am Pressecommuniqué vum Statec