Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Statec: Präisser vum Logement zu Lëtzebuerg si weider an d'Luucht gaangen

Fir en Appartement war et am zweeten Trimester dëst Joer an der Moyenne eng Hausse vun 11,5 Prozent, bei Haiser esouguer vu 15,5 Prozent.

Den nationale Statistikbüro Statec huet nei Zuelen iwwert de Logement verëffentlecht, deemno sinn d'Präisser vun Haiser an Appartementer am zweeten Trimester dëst Joer ëm 11,5 Prozent geklommen am Verglach mat der selwechter Zäit dat Joer virdrun. Bestoend Haiser si souguer 15,5 Prozent méi deier ginn.

RTL

D'Präisser si schonn nees liicht méi séier geklomme wéi am Trimester virdrun. D'Haiser an Appartementer ginn dëst Joer awer net grad sou séier méi deier wéi an de Joren 2020 an 2021, wou et Hausse vu 14,5 an 13,9 Prozent gouf.

RTL