Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Stater Gemengerot: D'Kameraiwwerwaachung gëtt ausgeweit am Zentrum vun der Haaptstad

Den Ament ginn et dräi Iwwerwaachungskameraen ëm d’Place Hamilius. Et sollen der 21 derbäi kommen.

Weider 21 Kamerae wäerten ëm de ganze Boulevard  Royal, den ieweschten Deel vun der Groussgaass, d’Rue Aldringer an den ieweschten Deel vun der Rue de la Post hänke kommen.

Doriwwer eraus gëtt d’Kameraiwwerwaachung beim European Convention Center um Kierchbierg op der Place de l’Europe vun der Police iwwerholl. Dës ginn dräi Méint am Joer genotzt, wann den Europäesche Conseil ofgehale gëtt. Och hei gëtt et awer eng Ausweidung vun der Iwwerwaachung, déi bis zu der Plaz virum Infinity Tower reecht.

Eng Kameraiwwerwaachung an der Stad wier néideg, well d’Zuel vun den Infraktioune laut Policestatistiken op dëse Plaze staark an d’Luucht gaange wier, sou DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer.