Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Stater Gemengewalen: Cahen geet mat op DP-Lëscht an ënnerstëtzt méiglech Spëtzekandidatur vu Polfer

Wéi d'DP-Familljeministesch géigeniwwer RTL sot, géif si d'Mandat unhuelen, wa si géif an de Gemengerot gewielt ginn.

D'Corinne Cahen geet am Juni an der Stad mat an d'Gemengewalen. Dat huet d'DP-Ministesch RTL e Freideg de Moie confirméiert.
Ministesch géif si bis dohinner bleiwen, dat wär jo compatibel. Wa si awer géif an de Gemengerot gewielt ginn, géif si d'Mandat och unhuelen a misst deen Ament als Ministesch zrécktrieden. De Radio 100,7 hat e Freideg de Moie gemellt, datt d'Lydie Polfer nach eng Kéier géif DP-Spëtzekandidatin an der Stad ginn. Op Nofro hin sot déi aktuell Stater Buergermeeschtesch, dat wär nach net sécher, et wäre just Rumeuren.

D'Corinne Cahen sot, si géif eng Spëtzekandidatur vun der Madamm Polfer ënnerstëtzen. Op d'Fro, ob si am Oktober och mat an d'Chamberwale geet, huet d'Familljeministesch gemengt, datt dat nach net decidéiert wier.