Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Steiererklärunge verëffentlecht: Privatverméige vum brittesche Premier Sunak méi héich wéi vum Kinnek Charles III

Hie war scho méi dacks wéinst senge finanzielle Verhältnisser an d'Kritik geroden, lo huet de brittesche Premier Rishi Sunak seng Finanzen oppe geluecht.

Hien huet seng Steiererklärunge vun de leschten dräi Joer ëffentlech gemaach. Laang gouf iwwer seng Finanze spekuléiert, de konservative Politiker ass ëmmerhi mat der indescher Multimillionärin Akshata Murty bestuet. D'Kriticken iwwert säi luxuriéise Liewensstil an d'Steiermoral, méi awer déi vu senger räicher Fra, goufen zulescht ëmmer méi haart.

An elo koum eraus, dass den 42 Joer ale Sunak den éischte Mënsch an der Downing Street ass, dee wuel méi räich ass wéi de brittesche Kinnek.

De Sunak huet an den dräi Joer bis 2022 senge Steiererklärungen no ronn 4,7 Millioune Pond - ëmgerechent ronn 5,3 Milliounen Euro - verdéngt. De gréissten Undeel dovu kéim aus sengem Kapitalverméigen. Wéi aus dem e Mëttwoch verëffentlechten Dokumenter ervirgeet, huet de fréieren Investmentbanker op senge Recetten zanter 2020 aus Akommes a Kapitalerträg ronn 1,05 Millioune Pond Steiere bezuelt.

Wéi "Sunday Times" geschriwwen hat, ass hien der Zeitung no ee vun de räichste Britten. D'Privatverméige vun der Koppel gëtt op 730 Millioune Pond geschat an ass domat méi héich, wéi dat vum Kinnek Charles III. Da kann ee sech och e gehëtzte Pool an Nordengland leeschten, wéi de "Guardian" jéngst bericht hat.

An enger Zäit, an där déi meeschte Britte mat den enormen Haussë bei den Energie- a Liewensmëttelpräisser ze kämpfen hunn, kënnt dat natierlech no bausse schlecht un. Dat notzt do nees déi oppositionell Labour-Partei als Beweis dofir, dass de Liewensstil vum Premier sämtleche Bezuch zum Liewe vum Normalbierger verluer hätt.

An de Fokus waren d'Recettë vum Sunak awer virun allem dowéinst geroden, nodeems bekannt gouf, dass seng Fra laang vun engem legalen Extrastatus profitéiert hat, deen hir et erlaabt huet, Steieren an Indien amplaz a Groussbritannien ze bezuelen. Dat, obschonn de Sunak do scho Finanzminister war. D'Akshata Murty huet um Enn accordéiert, de Steierbetrag op hiert weltwäit erziilten Akommes ze bezuelen.