Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Stroossen: Abriecher gëtt vu Bewunnerin iwwerrascht

RTL

Géint 19 Auer war en Onéierlechen an eng Wunneng um Rez-de-chaussée an der Rue Marguerites zu Stroossen agebrach.

De Mann hat sech iwwert d'Terrasse Zougang zu der Wunneng verschaf. Wéi d'Bewunnerin awer heem koum, huet si den Täter iwwerrascht an dësen ass fortgelaf. De Mann ass ongeféier 1,75 Meter grouss, méi schwéier an hat eng blo Kap, blo Jeans a blo Jackett un, donieft och nach eng schwaarz Mask. D'Spueresécherung vun der Police gouf ageschalt.

Déi war dann och méi spéit eng weider Kéier gefuerdert, wéi en Onéierlechen tëscht 20 an 23 Auer an en Haus zu Monnerech agebrach war.