Stroumzieler vu Stot a Betrib net getrennt
D'Centrale paysanne reegt sech op, datt de Landwirtschaftssecteur bei der staatlecher Ënnerstëtzung a Punkto Energiekäschte bausse vir gelooss gëtt.
De Laisser-faire ass net méi ze toleréieren - sou steet et an engem Schreiwes vun der Centrale paysanne vun en Donneschdeg de Moien.
Am Tripartites-Ofkommes gouf jo festgehalen, dass Menagë mat engem Verbrauch vu manner 25.000 Kilowatt d’Joer dovu kënne profitéieren. Well Bauere-Betriber awer dacks just ee Stroumzieler hu fir d’Haus an d'Scheieren, wier ee ganz séier iwwert deem Seuil, a kéint doduerch dann net vum plafonéierten Tarif profitéieren.
D'Centrale paysanne fuerdert vun der Regierung, dass dës handelt, beispillsweis duerch e landeswäit ugepassten Duerchschnëttswäert.