Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Südamerika: President vum Peru verhaft, Ex-President vum Guatemala krut 16 Joer Prisong

Am Peru huet d'Parlament de President ofsetzen a verhafte gelooss an am Guatemala war dem fréiere Staatschef eng Korruptiounsaffär zum Verhängnes ginn.

De President vu Peru Pedro Castillo ass sengem Amt enthuewen a festgeholl ginn, well hien no politeschem Sträit d’Parlament zu Lima opléisen an eng Ausgangsspär duerchsetze wollt. Quasi seng ganz Regierung war doropshin zeréckgetrueden an d’Parlament huet mat grousser Majoritéit decidéiert, hie vu sengem Posten ze stierzen. Nei Presidentin ass elo d’Dina Boluarte an domadder ass fir déi éischte Kéier eng Fra un der Spëtzt vum Peru.

Den Ex-President vu Guatemala Perez Molina muss da fir 16 Joer an de Prisong. Hien war wéinst enger grousser Korruptiounsaffär ugeklot a gouf e Mëttwoch schëlleg gesprach.