Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Technesch Kontroll, Boergeld an Accès op IRMen: Dräi Petitiounen iwwerschreiden de Seuil vun 4.500 Ënnerschrëften

Nach éier den Delai ofgelaf ass, hunn dräi ëffentlech Petitiounen de Seuil vun de 4.500 néidegen Ënnerschrëften depasséiert.

Duerch de Plaffong gaangen ass eng Petitioun, déi no nëmmen enger Woch vun iwwer 4.800 Leit signéiert gouf: de Petitionär freet doranner, datt all Gefierer no den éischte véier Joer just nëmmen nach sollen all zwee Joer mussen an d'technesch Kontroll goen. Ronn 4.800 Mol gouf dann och d'Petitioun vum Jorge Dos Santos ënnerschriwwen: gefrot gëtt, datt d'Recht fir mat Boergeld kënnen ze bezuele soll an d'Verfassung ageschriwwe ginn.

Déi drëtt Petitioun vum Isabelle Faber krut iwwerdeems bis ewell ronn 4.600 Ënnerschrëften: gefrot gëtt, datt all Mënsch soll e gerechten Accès fir IRMen a Scannere kréien, sief dat zum Beispill fir Mammographien, Koloskopien oder aneren Diagnosen.

Et sief ze bemierken, datt d'Ënnerschrëften nach mussen an der Chamberpetitiounskommissioun validéiert ginn - eréischt da kann och mat Sécherheet gesot ginn, op de Seuil areecht gouf an et zu engem ëffentlechen Debat an der Chamber iwwer dës dräi Sujete kënnt.