Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Temoignage op RTL Infos: "Albdram" fir Passagéier vun engem Luxair-Fluch op Ibiza

Fir d'éischt hat de Fluch Verspéidung, dunn huet eng däitsch Airline iwwerholl an déi huet de Fluch aus technesche Grënn missen ofbriechen.

Amplaz e Samschdeg ass et du fir d'Passagéier e Sonndeg de Mëtteg awer nach a Richtung Ibiza gaangen, wou een am Nomëtteg gutt ukomm ass.

D'Kolleege vun RTL Infos hu mat enger vun de betraffene Persoune geschwat, wéi si de Weekend erlieft huet. Den Temoignage fannt Dir hei.

Rezent hu bei der Luxair ëmmer nees misse Flich ofgesot ginn respektiv hate Verspéidung. Iwwert de Päischtweekend waren op d'mannst 5 Flich annuléiert ginn.

Schonn e Samschdeg hat RTL Infos e Reportage mat enger exklusiver Ausso vun engem Pilot, datt et am Summer méi dacks zu Annulatiounen oder Verspéidunge kéint kommen.