Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Temoignagen aus dem Abrigado: "Et ass méi einfach sech ze prostituéieren, wéi ze heeschen"

Zwou betraffe Fraen erzielen, wéi et ass, zu Lëtzebuerg an d'Drogesucht ze rutschen.

"Ech hu mir scho geduecht, ech schreiwen eng Kéier op ee Kartrong: Et ass méi einfach sech ze prostituéieren, wéi ee Becher opzestellen an hei ze heeschen". Dës Wierder huet d'Melanie engem RTL-Team gesot, bei engem Gespréich am Abrigado.

D'Melanie war fréier Proff. Si ass Lëtzebuergerin, 43 Joer al a lieft den Ament op der Strooss. Virun e puer Joer huet den Doud vun hirem Mann si an eng schwéier Depressioun bruecht. Si huet hir Wunneng verluer, hiert Kand gouf placéiert. D'Melanie huet Trouscht an den Droge gesicht. Haut versicht si mat Substitutiouns-Medikamenter hiren Drogekonsum an de Grëff ze kréien. Einfach ass et net.

D'Tania (43 Joer) ass eng weider Cliente. Hiert Liewen ass gepräägt vu Sucht a Gewalt. Si huet zanter Jore kee feste Wunnsëtz. Den Ament schléift si am Nuets-Asyl vum Abrigado. Si ass zanter 8 Méint clean. Moies an owes kritt si Substitutiouns-Medikamenter. Ze kämpfen huet si awer nach ëmmer mam Alkohol. Am Fraegrupp, all Méindeg vun 10h30 Auer bis 17h30 Auer um éischte Stack am Abrigado, fanne Frae wéi d'Melanie an d'Tania e Schutz-Raum, wou si op d'mannst fir e puer Stonne kënnen zur Rou kommen, eppes iessen, schwätzen a ganz einfach Fra sinn.

"Gewalt, Vergewaltegungen, Angscht... D'Drogen-Konsumentinnen, déi an eis Struktur kommen, sinn all dëse Geforen ausgesat. Si mussen immens staark sinn, fir op der Strooss z'iwwerliewen, well u sech si se am vulnerabelsten", seet d'Claudine Ponath, Infirmière am Abrigado. Zesumme mam Tanisia Lima an enger weiderer Mataarbechterin bedreift si Méindes de Fraegrupp.

Eng vu Männer dominéiert Zeen

Ronn 85 verschidde Frae kommen d'Joer an den Abrigado. Am Drogemilieu zu Lëtzebuerg sinn däitlech méi Männer. Em sou méi wichteg wier et, de Frae mat Sucht-Problemer eng sougenannt "Safe-Place" ze bidden, sou d'Educatrice graduée, Tanisia Lima.

"D'Realitéit ass tatsächlech, datt Frae mat Sucht-Problematiken, net nëmmen Drogen, mä och Alkohol a Medikamenter, an der Reegel net a Fraenheemer opgeholl ginn. Dat ass ee grousse Problem, net nëmmen hei zu Lëtzebuerg, mä och an de Länner ronderëm", erkläert d'Direktesch vum Abrigado, d'Claudia Allar.

Dofir wier et wichteg eng Struktur opzemaachen, déi Frae mat esou Problematiken ophëlt. "Natierlech soll dat keen zweeten Abrigado sinn, mä een Haus, wou se an enger éischter Phas daagsiwwer eppes iessen, raschten an ënnert hygieneschen Ëmstänn konsuméiere kënnen. Iergendwann sollt dat dann och eng Ganz-Daags-Struktur sinn", sou d'Claudia Allar.

Esou ee Projet wier och schonn an der Maach an Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg an de Ministèren, allerdéngs ass nach net kloer fir wéini.