Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Tëschebilan Superdreckskëscht: Gilles Roth: Mir si sou schlau wéi virdrun!"

Dat sot den CSV-Deputéierten no der Ëmweltkommissioun, an där d'Ministesch Joëlle Welfring iwwer d'Progrèsen am Dossier Superdreckskëscht informéiert huet.

En Tëschebilan, deen net bei all Partei fir Zefriddenheet gesuergt huet. Notamment net bei där gréisster Oppositiounspartei, der CSV. De Gilles Roth explizéiert firwat:

"Mir goufen eigentlech iwwert eng Stonn zougelabert mat enger ganzer Rei vun Informatiounen, wéi en internationalen Audit géing gemaach ginn, mä op déi essentiell Froen gouf eis keng Äntwert ginn. Zum Beispill et wier een am gaangen ze kucken, fir déi Facturisatioun, déi meeschtens jo manuell gemaach gouf z'optimiséieren, mä dat ass awer nach ëmmer net geschitt."

Déi Lénk huet als Oppositiounspartei eng aner Meenung wéi déi Chrëschtlech-Sozial. Et misst een dem Ministère mol eng Chance ginn an et wier och scho ganz vill geschafft ginn, ënnersträicht d'Myriam Cecchetti.

"Si sinn elo um Wee fir déi Facturatiouns-Geschicht, déi jo net sou ganz transparent ass, op d'Schinn ze setzen. Fir datt ee besser novollzéien kann, wat facturéiert gëtt, wéi vill Stonne facturéiert ginn a si probéieren, eng Struktur an déi ganz Sous-Traitance-Geschicht ze bréngen. Ech mengen, et geet an déi richteg Richtung.Et muss een einfach elo mol ofwaarden, datt déi Aarbechte weiderginn."

Heiansdo brauch ee bëssen Zäit, explizéiert d'Ëmweltministesch Joëlle Welfring, notamment beim neie Facturatiounssystem fir bei deem Beispill ze bleiwen.

"Dat si Saachen, déi daueren e bëssen. Et wëll een dat gutt maachen an all déi Méint, déi mer elo vu Juni bis haut gebraucht hunn, hunn dozou gedingt, dat hei ze präziséieren."

Op alle Fall wier eng Firma fonnt, déi e System entwéckelt an dee Kontrakt wier och drop an drun, verginn ze ginn.