Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Tëschefall a Biogasanlag zu Gonnereng : Massiv Gär-Rescht ausgelaf - Näischt dovun ass awer an d'Roudemerbaach geroden

E Méindeg de Moie koum et zu engem gréisseren Tëschefall zu Gonnereng bei der Biogasanlag. "Gär-Flëssegkeet" ass an enorme Moossen do ausgelaf.

De CGDIS hat e Méindeg den Owend an hirem Bulletin matgedeelt, dass et e Méindeg géint 11.20 Auer zu enger Fuite an der Biosgasanlag zu Gonnereng komm ass. Pompjeeë vun Iechternach a Jonglënster waren am Asaz, grad ewéi de Groupe CBRN (le groupe risques chimique, biologique, radiologique et nucléaire) an de Centre de soutien logistique. Preventiv gouf och eng Ambulanz dohinner bestallt, et gouf awer kee blesséiert.

Op  Nofro hin huet de Jean Schummer, Gérant vu Lënster Energie Sàrl eis bestätegt, dass am Laf vum Méindeg de Moien eng Dichtung vum Behälter geplatzt ass, wouduerch hei 1000 bis 1500m3 Gär-Rescht ausgelaf sinn. Dat ass den Dünger, deen aus der Veraarbechtung vu Gülle a Festmëscht als Endprodukt entsteet, an duerno op de Felder als Düngemëttel genotzt gëtt.

D'Pompjeeë goufen direkt alarméiert, an et gouf probéiert d'Fuite ze stoppen. Well dat awer net gelongen ass, huet een an der Wiss, wou de Gär-Rescht higelaf ass, direkt eng Zort Schutzwall opgekippt mat Buedem an en Opfangbecken ausgebaggert. Doduerch konnt evitéiert ginn, dass den Dünger an d'Roudemerbaach gelaf ass. D'Waasserwirtschaftsamt huet dem Jean Schummer dann och bestätegt, dass keen Dünger an d'Baach gelaf wier.

Aus dem Feld gouf den Dünger dunn a Camione gepompelt. Vun do aus gouf en direkt op anere Felder verdeelt, respektiv op en dezentraalt Endlager bruecht oder an en anere Behälter gepompelt.

Géint Hallefnuecht ass kee Gär-Rescht méi aus dem Behälter gelaf. D'Leitung war net um ënneschten Niveau vum Behälter, wat bedeit, dass net de ganze Behälter ausgelaf ass. Dem Jean Schummer no missten et wuel tëscht 1000 a 1500m3 gewiescht sinn, wat 1 bis 1,5 Millioune Liter entsprécht.

En Dënschdeg de Moien um 8 Auer gouf du weider gemaach mam Ofpompelen aus der Wiss.

D'Federatioun vun de Sportfëscher hat um Méindeg den Owend e Video verëffentlecht, wou ee gesäit, wéi d'Baggeren am Asaz sinn. An hirer Kommunikatioun war rieds vun engen 3 Millioune Liter Gär-Flëssegkeet, déi ausgelaf wier. Dat huet de Jean Schummer awer dementéiert. Et wier maximal d'Hallschent gewiescht.