Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Tëscht September an Oktober: Radaren zu Hollerech: Iwwer 50.000 Gefierer ze séier, bal 600 duerch rout gefuer

Zanter dem 1. Juni hunn d'Radaren zu Hollerech geblëtzt. Sief et wann een duerch rout gefuer ass oder en ze schwéiere Fouss hat.

Konsequenzen hat dat bis ewell nach keng, ma elo ass d'Testphas eriwwer. Wann ee vum 1. Dezember un déi rout Luucht oder d'Vitesslimitatioun net anhält, kritt een Post vun der Police.

Kuckt een d'Resultater vun der preventiver Phas, schéngen déi 3 nei Radaren um Salzhaff Sënn ze maachen. An de Méint September an Oktober sinn iwwer 50.000 Gefierer geblëtzt ginn, déi ze séier ënnerwee waren. Bal 600 Automobiliste sinn bei rout duerchgefuer.

Zanter 2016 ginn et déi fix Radaren hei zu Lëtzebuerg. Si sollen hëllefen, de Stroossentrafic méi sécher ze maachen. Vun Onnëtz ass dat net. D'lescht Joer hu 24 Mënschen hiert Liewen duerch en Accident op der Strooss verluer. Ouni dobäi och déi Schwéierblesséiert ze vergiessen.

Am Juli 2021 gouf de Rout-Luucht-Radar op der Stäreplaz a Betrib geholl. An dëse war tëscht Januar a September dëst Joer scho ganz aktiv.

Bal 2.500 Protokoller goufen et hei, well d'rout Luucht net respektéiert gouf. 145 Euro an 2 Punkte manner um Punkteführerschäi waren d'Konsequenz heivunner. Wéinst ze héijer Vitesse goufen 2.420 Protokoller ausgeschriwwen an 36 Automobilisten hunn dowéinst Rendez-vous viru Geriicht.