Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Testphas ouni Protokoller: Vun elo u blëtzen déi 3 Streckeradaren op der A7

D'Radaren an den Tunnelle Stafelter, Grouft a Gousselerbierg trieden domadder offiziell an hiren Déngscht... Och wann et just d'Testphas ass.

Vun en Donneschdeg u blëtzen déi 3 Streckeradaren an den Tunnellen op der Nordstrooss. Dat deelt de Mobilitéitsministere mat. Et ass awer just eng Testphas, dat heescht d'Fotoe ginn direkt geläscht an et kritt ee kee Protokoll. Vu wéini un et da kann deier ginn, ass nach net gewosst. Wann et souwäit wier, géif dëst mat Zäite kommunizéiert ginn.

Dës Radare moosse jo d'Duerchschnëttsvitess vun den Autoen, dat op der gesamter Längt vum Tunnel. Hei läit d'Limitatioun vun der Vitess jo bei 90 Stonnekilometer. Eng Toleranz vun 3 Stonnekilometer ginn ofgehalen, wann een ënner 100 km/h ënnerwee ass, wann een driwwer läit, ginn 3% vun der gerechenter Duerchschnëttsvitess ofgezunn.

D'Radare passen sech dann och bei Changementer vun de Limitte vun der Vitesse un, zum Beispill wann e Chantier an, oder net wäit vun engem Tunnel ass. Hei ginn d'Toleranzen dann ugepasst.

Den éischte Streckeradar an engem Tunnel zu Lëtzebuerg existéiert schonn zënter dem 1. Dezember 2021, also zënter genee engem Joer, dat am Tunnel Markusbierg op der A13. Zënter deem dësen installéiert gouf, ass d'Duerchschnëttsvitess op dëser Streck op ënner 90 km/h erofgaangen, wat de Risk fir en Accident däitlech géif erofdrécken. En aneren normale Streckeradar, also baussent engem Tunnel, gëtt et jo op der N11 tëscht dem Waldhaff a Gonnereng.

Sécurité routière au Luxembourg: début de la phase-test de 3 radars tronçons dans les tunnels Stafelter, Grouft et Gousselerbierg sur l'autoroute A7 à partir du 1er décembre 2022

Communiqué par : ministère de la Mobilité et des Travaux publics / Administration des ponts et chaussées

Dans le cadre de la lutte contre l'insécurité routière, les radars tronçons dans les tunnels Stafelter, Grouft et Gousselerbierg sur l'autoroute A7 entreront dans leur phase-test à partir du jeudi 1er décembre 2022.
Un radar tronçon calcule la vitesse moyenne des véhicules sur toute la longueur du tunnel. La vitesse maximale autorisée dans les tunnels est de 90 km/h. Une tolérance de 3km/h (au-dessous de 100 km/h) et de 3% (au-delà de 100 km/h) est déduite de la valeur calculée.

Les radars tronçons dans les tunnels s'adaptent également à des réductions de la vitesse maximale autorisée affichées par le CITA, par exemple en cas de présence d'un chantier ou d'un incident dans le tunnel. Les tolérances correspondantes sont alors applicables.

Le premier radar tronçon dans un tunnel existe depuis le 1er décembre 2021 au tunnel Markusberg, sur l'autoroute A13. Depuis son installation, la vitesse moyenne pratiquée est descendue en dessous des 90 km/h autorisées, ce qui diminue le risque d'accident.

Un autre radar tronçon est installé sur la N11, entre Waldhof et Gonderange.
À noter que durant cette phase-test, aucun avertissement taxé ou procès-verbal ne s'en suivra. Toutes les photos prises et autres données lors des tests seront immédiatement supprimées.

Le début de la phase répressive sera communiqué en temps voulu.