Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

"Time": De Wolodymyr Selenskyj ass Perséinlechkeet vu Joer 2022

Wéinst dem Widderstand géint d'russesch Invasioun huet d'Noriichtenzäitschrëft "Time" den ukrainesche President als Perséinlechkeet vum Joer ausgezeechent.

Hien deelt sech den Titel mam "Geescht vun der Ukrain", wéi de Chefredakter Edward Felsenthal e Mëttwoch matgedeelt huet. D'Wal dëst Joer wier "esou eendeiteg" gewiescht wéi nach ni.

Dem Selenskyj seng Decisioun, no der russescher Invasioun an der Ukrain zu Kiew ze bleiwen an Ënnerstëtzung ze mobiliséieren, wier "schicksalhaft" gewiescht, sou de Felsenthal. Mat senger "Informatiounsoffensiv" huet de Selenskyj de "geopolitesche Wiedersystem" verännert. "Egal ob de Kampf ëm d'Ukrain eis mat Hoffnung oder Angscht erfëllt, de Wolodymyr Selenskyj huet d'Welt op eng Manéier opgewullt, wéi mir et zanter Joerzéngten net méi erlieft hunn."

Nieft dem Selenskyj huet d'Time de "Geescht vun der Ukrain" gewierdegt, deem dem Felsenthal no vun de "sëllege Mënsche bannent a baussent dem Land" verkierpert gouf, déi hannert de Kulisse fir hiert Land gekämpft hunn. Dës hätte wéi hire President gewisen, "dass Courage geneesou ustiechend ka si wéi Angscht".

De Cover vun der Zäitschrëft weist nieft dem President a sengem antëscht legendären Tarn-Gezei Dosenden Ukrainer, déi dëse "Geescht" verkierperen. Nieft Demonstrante mat ukrainesche Fändele sinn ënner anerem och d'Iryna Kondratova z'erkennen, déi wärend dem Beschoss gehollef huet, e Kand op d'Welt ze bréngen; de Kiewer Kach Levgen Klopotenko, dee säi Restaurant an eng Hëllefskantin verwandelt huet; souwéi d'Chefredactrice vum "Kyiv Independent", d'Olga Rudenko. Doriwwer eraus huet d'Time déi iranesch Fraen zu den "Heldinne vum Joer" ernannt.

RTL

© TIME/AFP/Neil Jamieson

D'"Persoun vum Joer", déi zanter 1927 gewielt gëtt, soll an der Reegel d'Gewiicht an den Afloss vun enger Perséinlechkeet op der internationaler Bün ervirhiewen, net onbedéngt hir Popularitéit. Am Joer 2007 huet de russesche President Wladimir Putin d'Auszeechnung kritt, well hie sengem Land "Stabilitéit" zeréckginn hat a "Russland un den Dësch vun de Mächtegen op dëser Welt zeréckbruecht" hat.

2015 krut déi deemoleg Bundeskanzlerin Angela Merkel (CDU) den Titel wéinst hirer Roll als onverzichtbar Krisemanagerin an der Europäescher Unioun. D'Joer drop war et den Immobiliëmilliardär Donald Trump, deen do grad emol zum US-President gewielt gi war an d'lescht Joer war et den Tesla- a SpaceX-Grënner Elon Musk.