Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

"Top Secret": Hannert de Mauere vum Prisong Uerschterhaff

Den neie Prisong Uerschterhaff gouf déi leschte Woch offiziell ageweit. De Prisong huet Plaz fir 400 Leit an ass ass exklusiv fir männlech Prevenuen.

Den Transfert vun den Untersuchungshäftlinge vu Schraasseg op den Uerschterhaff geschitt progressiv.

De Prisong gouf geplangt no de Reegele vum moderne Strofvollzuch, wou d’Prisonéier méi Beweegung a Fräiheeten hunn wéi am ale Prisong.

Déi Prisonéier, déi hei hinner kommen, waarden op hire Prozess a gëllen zu dësem Zäitpunkt nach als onschëlleg bis si virun e Geriicht kommen, wou si dann entweder verurteelt oder eventuell fräigesprach ginn.

Am Fall vun engem Urteel mat Prisongsstrof komme si dann zeréck op Schraasseg.

An dësem "Top Secret" kréie mir en Abléck hannert den Drot an d’Mauere vum neie Prisong Uerschterhaff.