Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Tour de Luxembourg: Startlëscht versprécht oppe Course

5 Etappe ginn dëst Joer am Tour de Luxembourg gefuer. 720 Kilometer huet de Parcours am Ganzen.

Déi éischt Etapp gëtt en Dënschdeg an der Stad gefuer. Op en Enn geet déi 83. Editioun e Samschdeg och an der Stad.

19 Ekippe mat 6 Coureure ginn un den Depart. Dovunner sinn der 6 aus der WorldTour. Ënnert de Participante si bekannt Nimm wéi de Rafal Majka, de Matteo Trentin, den Davide Ballerini, de Florian Sénéchal, den Giulio Ciccone an den Gianluca Brambilla.

Aus Lëtzebuerger Siicht starten de Kevin Geniets, de Michel Ries, den Arthur Kluckers, den Tom an de Luc Wirtgen, de Colin Heiderscheid, den Alexandre Kess, den Ivan Centrone an de Jacques Gloesener.

PDF: Startlëscht vum Skoda Tour de Luxembourg

D'Etappen am Iwwerbléck
1. Etapp (Dënschdeg, 13. September): Lëtzebuerg-Lëtzebuerg (163,8 km) (Live op RTL: vu 14h45 un)
2. Etapp (Mëttwoch, 14. September): Jonglënster-Schëffleng (163,4 km) (Live op RTL: vu 13h45 un)
3. Etapp (Donneschdeg, 15. September): Rouspert-Dikrech (188,4 km) (Live op RTL: vu 13h45 un)
4. Etapp (Freideg, 16. September): Zäitfueren, Réimech-Réimech (26,1 km) (Live op RTL: vu 13h45 un)
5. Etapp (Samschdeg, 17. September): Miersch-Lëtzebuerg (178,4 km) (Live op RTL: vu 12h45 un)

RTL-Artikel: Tour de Luxembourg: Police am Asaz beim Tour: Richtlinnen a Consignë fir Automobilisten

D'Lëtzebuerger Coureure virum Depart am RTL-Interview