Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Tour de Normandie - 3. Etapp: Christine Majerus gëtt 5. am General

Op der drëtter a leschter Etapp gouf d'Lëtzebuergerin 19. D'Nina Berton kroopt sech de Biergtrikot. D'Course gouf vum Shari Bossuyt am Sprint gewonnen.

Um drëtten Dag beim Tour duerch d'Normandie gewënnt d'Belsch Shari Bossuyt virum Martina Alzini an der Roxane Fournier. D'Christine Majerus koum no 114 Kilometer an der selwechter Zäit wéi d'Gewënnerin op déi 19. Plaz, wärend d'Nina Berton sech als 53. klasséiert. D'Marie Schreiber koum mat engem Retard vu 35 Sekonnen als 80. op d'Arrivée.

Am Generalklassement ka sech d'Cédrine Kerbaol aus Frankräich mat enger Sekonn virun hirer Landsfra Gladys Verhulst behaapten a gewënnt déi éischt Tour de Normandie bei de Fraen. D'Christine Majerus klasséiert sech am General op enger gudder fënnefter Plaz mat 9 Sekonne Réckstand op d'Gewënnerin. D'Nina Berton kënnt mat 20 Sekonne Retard op déi 36. Plaz a gewënnt mat 18 Punkten och de Biergtrikot. D'Marie Schreiber gëtt um Enn 64. (+ 1:41).