Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Trainer confirméiert: Lionel Messi verléisst de PSG am Summer

Trainer Galtier confirméiert

De PSG-Trainer Christophe Galtier huet de méintelaange Spekulatioune ronderëm de Lionel Messi en Enn gesat.

De Lionel Messi verléisst de PSG um Enn vun der Saison, dat huet den Trainer Galtier en Donneschdeg confirméiert. Den Argentinier wäert e Samschdeg beim leschte Match vun der Saison an der Ligue 1 géint Clermont Foot fir déi leschte Kéier am Prënzepark um Terrain stoen, sou den Trainer op enger Pressekonferenz en Donneschdeg.

De Messi (35) kéint et no zwee Joer beim PSG a Saudiarabien zéien. E Retour bei den FC Barcelona wäert et aus finanzielle Grënn net ginn. Interessi soll och Inter Miami hunn.

De Weltmeeschter huet a 74 Matcher fir Paräis 32 Goler geschoss an der 35 virbereet. Hien ass zweemol franséische Champion ginn, konnt de kataresche Besëtzer awer net de groussen Dram vun der éischter Victoire an der Champions League erfëllen.