Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Trainerkarussell : Hoffenheim trennt sech vum André Breitenreiter

RTL

No der 2:5 Defaite beim Vfl Bochum e Samschdeg hunn déi Responsabel vun der TSG Konsequenze gezunn. Ee Successeur gouf nach net bestëmmt.

D'TSG Hoffenheim huet sech vum Trainer André Breitenreiter getrennt. Den Tabelle-14 aus der Futtballbundesliga reagéiert domat op déi sportlech Entwécklung an de leschte Wochen a Méint. E Samschdeg huet Hoffenheim 2:5 géint de Vfl Bochum verluer. An de leschten néng Bundesliga-Matcher krut Hoffenheim just zwee Punkten, an der Aachtelsfinall vum DFB-Pokal huet een 1:3 géint RB Leipzig verluer. Et gouf nach kee Successeur presentéiert, am Gespréich ass de Pellegrino Matarazzo.