Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Tréier: Groussbrand an engem Industriebetrib

RTL

Géint 2.35 Auer e Sonndeg de Moien ass et enger Industriezon zu Tréier an engem Betrib, an deem Holz verschafft gëtt, zu engem Feier komm.

Bannent kuerzer Zäit stoung dat ganzt Gebai a Flamen. Pompjeeën aus der ganzer Ëmgéigend vun Tréier goufen an den Asaz geruff.

Well d'Firma e Samschdegowend e Summerfest organiséiert hat, waren nach vill Ugestallter an hir Famillen op der Plaz. Si goufen zum Deel vun de Rettungsdéngschter betreit.

D'Police huet eng Enquête an d'Weeër geleet, fir d'Ursaach vum Feier erauszefannen. D'Läschaarbechte wäerte wuel nach de ganze Sonndeg daueren.