Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Tripartite an den nächste Wochen: "Keng Tabuen an der Indexdiskussioun"

De Premier huet e Mëttwoch annoncéiert, datt et zu enger weiderer Tripartite kënnt. Dat opgrond vun den neisten Inflatiounschiffere vum Statec.

Weder d'Gewerkschaften nach d'Patronat hu bis elo Detailer, wat eng weider Indextranche fir d'Betriber genee kéint bedeiten. Dem leschten Tripartitesaccord zejoert no wäert de Staat all weider Indextranchen 2023 iwwerhuelen. Dat no der Tranche elo vum Februar an där verréckelter vum leschte Joer op Abrëll. Eng Situatioun, déi kéint de Prognose vum Statec no am 4. Trimester 2023 antrieden. D'Situatioun am Handwierk wier ugespaant, seet den Tom Wirion, Generaldirekter vun der Chambre des Métiers. Et kéint een am Handwierk d'Indextranche net einfach un de Client weiderginn. De Michel Reckinger, President vun der Union des Entreprises, füügt deem bäi, dass doriwwer eraus d'Betriber och scho mussen déi héich Energiekäschte stemmen an d'Material, wat méi deier ginn ass, bezuelen.

RTL

© Didier Weber / RTL

Den Tom Wirion stellt sech d'Fro, wéi den Indexmechanismus op laang Dauer an Zäite wéi dëse soll funktionéieren. Et wier eng "Spirale infernale". Duerch den Index géing ëmmer méi Inflatioun an esou nees weider Tranchen declenchéiert ginn. Dobäi kéim d'Diskussioun ëm de sougenannte Phasing out, also de Moment, wann d'Mesurë géint d'Inflatioun, wéi zum Beispill den Energiepräisdeckel, géing auslafen. Deen Ament géing een en Inflatiounsschock riskéieren an domat nees Indextranchen. "Ech denken, et muss een eng Kéier e Schratt zréckgoen a sachlech iwwerleeën, ob de Cumul vun Indextranchen dee richtege Wee fir d'Leit an d'Betriber ass", mengt den Tom Wirion. Fir hie sollen et dowéinst keng Tabuen an der Indexdiskussioun ginn.

RTL

© Didier Weber / RTL

De President vum chrëschtleche Gewerkschaftsbond LCGB, de Patrick Dury betount, dee leschten Tripartitesaccord wier gutt gewiescht. Et hätt een dat erreecht wat ee wollt, nämlech d'Inflatioun gebremst. Mee eng Fuerderung vun de Gewerkschafte wier net erfëllt ginn a géing dëst Joer widderholl: D'Upassung vum Steierbarem un d'Inflatioun. "Op den Indexmechanismus muss eng Adaptatioun vum Steierbarem kommen", sou de Gewerkschaftler. D'Kafkraaft misst ofgeséchert ginn, genausou wéi och d'Aarbechtsplazen.

Ëm eng zweet méiglech Indextranche, mécht ee sech bei der UEL awer nach net allze vill Suergen. "An der leschter Tripartite war ofgemaach ginn, dass de Staat d'Differenz, déi eng Indextranche dëst Joer géing ausmaachen, komplett kompenséiert", sou de Michel Reckinger. Lo erhofft ee sech séier Detailer iwwert déi technesch Ëmsetzung.