Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Tripartite: D'Propos vun engem Energiespräisdeckel trëfft op Skepsis

Zanter e Sonndeg negociéiere Regierung, Patronat a Gewerkschaften doriwwer, wéi een op déi héich Inflatioun an de Kafkraaftverloscht reagéiere soll.

Dem Premier Xavier Bettel no huet d'Regierung een Energiepräisdeckel proposéiert. Mä wéi muss een sech déi Mesure konkret virstellen a wat si méiglech negativ Effekter?

Skepsis zu Energiepräisdeckel / Rep. Marc Hoscheid

RTL-Informatiounen no läit eng Propos um Dësch, datt den Deckel bei enger Präishausse vu 40 Prozent gräife géing. Et ass awer net ganz kloer, op wéi ee Referenzmontant sech déi 40 Prozent bezéien, also ob et de Präis vu virum Ufank vum Krich an der Ukrain ass, oder den aktuelle Präis. Egal wéi soll mat der Mesure d'Inflatioun gebremst an op déi Aart a Weis verhënnert ginn, datt an Zäit vun engem Joer fënnef Indextranchen erfalen. De Prof. Dr. Nils Löhndorf, Ekonomist op der Uni Lëtzebuerg, ass vun esou enger Präisbrems allerdéngs net iwwerzeegt:

"Ich halte das aus ökonomischer Sicht für keine so gute Idee, den Energiepreis festzulegen. Ein Preisdeckel senkt immer den Anreiz, den Energieverbrauch zu reduzieren und wäre in diesem Sinne kontraproduktiv."

D'Energiepräisser misste klammen, well d'Offer einfach net méi sou grouss wier. Firmen, déi zu méi niddrege Präisser Energie produzéieren, kéinten déi héich Präisser zudeem als Motivatioun huelen, hier Kapazitéiten auszebauen. Dozou géingen och déi erneierbar Energie gehéieren. Dono gefrot, ob et eng Alternativ kéint sinn, iwwert eng Iwwergewënnsteier déi héich Beneficer cibléiert ënnert de Leit ze verdeelen, äntwert den Dr. Löhndorf virsiichteg a proposéiert eng weider Piste:

"Der Teufel steckt im Detail. Man muss erst herausfinden, wer einen Übergewinn macht und da muss man sehr genau in die Langfristverträge schauen, die dort abgeschlossen wurden. Was man machen könnte, wäre zu sagen, dass alle Energieproduzenten zahlen einen grundsätzlich höheren Steuersatz und diejenigen, die exzessive Gewinne machen, die werden dann halt entsprechend stärker abgeschöpft."

Op europäeschem Niveau huet d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen rezent proposéiert, d'Zoufallsgewënner vun Energieproduzenten ënnert de Bierger ze verdeelen. Vill méi kéint d'EU net maachen, well d'Besteierung eng Kompetenz vun de Memberstaaten ass. Dowéinst géing och all Land selwer decidéieren, ob et Energies-Schecker verdeelt, a wéi héich déi ausfalen.