Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Tripartite: De Sputt bis 30 Prozent Staatsschold? 2,3 bis 3,9 Milliarden Euro

En vue vun der Tripartite spillt den Etat vun de Staatsfinanzen eng kruzial Roll, fir ze determinéieren, wéi vill Handlungsspillraum de Staat huet.

De Premier Xavier Bettel huet e Mëttwoch no de Bipartitten deklaréiert, datt d'Regierung un hirem Zil aus dem Koalitiounsaccord géing festhalen, fir d'Staatsschold net iwwert 30 Prozent vum PIB klammen ze loossen. De Staatsminister hat dës Woch nach ee mol betount, datt ee sech weider doru wëll halen. Dat notamment, fir de sougenannten Triple A z'erhalen, wat am Sënn ass vun der Finanzplaz, e wirtschaftlech wichtege Secteur fir de Grand-Duché.

Wéi vill Sputt hätt d'Regierung also theoretesch?

Dem Trésor Public no louch d'Staatsschold Enn Mäerz dëst Joer bei 19,19 Milliarden Euro oder 24,42 Prozent vum PIB. Am Budget fir 2022 huet de Finanzministère mat enger Staatsschold vu 26,6 Prozent bis Enn vum Joer gerechent.

Wat de PIB ugeet, dee gëtt vum Trésor op 78,6 Milliarden Euro geschat. De Statec ass méi bescheiden an huet vun 73,3 Milliarde geschwat.

RTL konnt nach net nofroen, firwat e sou e groussen Ënnerscheed besteet. Wéi vill Sputt hätt een also bis een op 30 Prozent Staatsschold ukomm wier? Ma 5 Prozent vum PIB entsprieche ronn 3,9 Milliarden Euro. An dat wier am Fall, wou d'Wirtschaft géing stagnéieren. 3 Prozent entsprieche ronn 2,3 Milliarden Euro.

Regierung rechent awer mat Verschlechterung vum Solde

Aus den Zuelen, déi de Finanzministère fir d'Tripartite virbereet huet, geet ervir, datt de Solde vun der Zentralverwaltung - also ouni d'Gemengen an d'Sécurité Sociale - sech déi nächst Méint awer wäert verschlechteren. Iwwerdeems d'Staatsfinanzen - Stand August - en Iwwerschoss vun enger Milliard Euro verzeechent hunn, wier bis Enn vum Joer mat engem Defizit vun 1 bis 1,5 Milliard Euro ze rechnen, sou de Ministère.