Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Tripartite: Paus decidéiert, Sozialpartner kommen um 18 Auer nach eng Kéier beieneen

Déi 11 Regierungsmemberen an hir Beamte waren zanter 10 Auer um Dënschdeg fir den 3. Dag hannertenee mat Patronat a Gewerkschaften zu Senneng am Schlass.

Um Méindeg den Owend war nom 2. Dag vun den Tripartiteverhandlungen net vill vu Regierungssäit, respektiv vun de Gewerkschaften oder dem Patronat, gewuer ze ginn.

Wéi d’Journalisten um Dënschdeg an der Mëttesstonn matgedeelt kruten, gouf elo eng Paus decidéiert an d’Sozialpartner kéimen dann um 18 Auer nach emol beieneen.

Um Dësch läit aktuell d’Propos fir d’Energiepräisser ze deckelen. RTL-Informatiounen no huet d’Regierung virgeschloen, datt d’Gaspräisser vum 1. Januar u bei engem Maximum vu Plus 15% par Rapport zum aktuelle Präis géinge gedeckelt ginn. De Präis vum Mazout géing ëm 15 Cent de Liter erofgesat an de Stroumpräis souguer agefruer ginn. Donieft kéint d’TVA op de verschiddene Kategorien ëm ee Prozentpunkt erofgesat ginn.

Alles dat géing Projektiounen no d’Inflatioun, déi aktuell an d’nächst Joer laut zentralen Zenario bei 6,6% géing leien, ëm gutt 3 Prozentpunkten erofdrécken. Doduercher géingen och manner Indextranchen d’nächst Joer erfalen. Iwwert déi Tranche, déi dëst Joer nach soll erfalen, gëtt och verhandelt.

Dee ganze Mesurëpak (Gas, Stroum, Mazout an TVA) géing dem Staat 1,2 Milliard Euro kaschten.

Am Laf vum Dag sollt eng Pressekonferenz sinn. Ob et nach dozou kënnt ass net gewosst. D’Regierung erhofft sech op d’mannst e prinzipiellen Akkord mat Patronat a Gewerkschaften. Déi missten dann hir Basis consultéieren.