Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Tripartitesaccord: Feu Vert fir "Solidaritéitspak 2.0": Deklaratioun vum Premier elo am Livestream

Ëm 13.30 Auer gouf dat Dokument ënnerschriwwen, dat d'Auteuren an der Introduktioun als "historesch" beschreiwen. RTL läit eng Kopie vum Accord vir.

Detailer aus dem Tripartitesaccord/Reportage Roy Grotz

Den zweeten Tripartitesaccord fir dëst Joer gouf um Mëttwoch vu Regierung, der UEL an den dräi Gewerkschafte LCGB, OGBL a CGFP signéiert.

Historesch ass allemol d'Zomm, déi d'Mesurë kaschten: 1,1 Milliarden - dëse Chiffer daucht am Dokument vun e Mëttwoch eng éischte Kéier offiziell op.

D'Patronen e wéineg mat der Fauscht an der Täsch, d'Syndikater mam Gewëssen, fir d'Leit am Land geschafft ze hunn. Dat soll de finalen Accord och erëmspigelen, wouvunner RTL eng Versioun virläit.

Am Dokument ginn déi decidéiert Kompromëss-Mesuren aus der Tripartite op engen zéng Säite beschriwwen, déi nach a Gesetzesprojete gegoss ginn, fir dann um Freideg vun der Regierung am Conseil ugeholl ze ginn.

Och um Mëttwoch de Moie gouf nach um geneeë Wording vum Dokument geschafft. All Wuert, all Verb an all Datum zielt a muss genee deem entspriechen, op wat sech zu Senneng wärend 30 Stonne laangen, zéie Verhandlunge gëeenegt gouf.

Den ekonomesche Kontext gëtt an dësen dräi Punkten am Accord festgehalen: D'Inflatioun ofbremsen, Stéit a Firmen duerch spezifesch Mesuren hëllefen an déi digital an energetesch Transitioun favoriséieren.

Dat gëtt dann an dräi spezifesche Kapitelen deklinéiert, woubäi direkt fir d'Stéit ernimmt gëtt, datt den Indexsystem nees wäert voll a ganz spillen. Ee Punkt awer, deen d'Patronat nach wollt preziséiert gesinn - an dat ass och geschitt.

Ganz um Enn vum Accord steet effektiv fett gedréckt, datt, wann déi drëtt Tranche géif erfalen, och nees d'Tripartite beienee kënnt. Deen Ament géing sech d'Regierung engagéieren, fir de Betriber Kompensatiounen ze bezuelen, déi de kompletten Impakt vun der Hausse vun 2,5 Prozent op de Salairen opfänken. Dëst Engagement wäert sech dann och am Budgetsprojet erëmfannen, deen iwwernächst Woch deposéiert gëtt.

De Schluss vum Accord ass kloer an nach emol fett gedréckt: deemno géif eng weider Tripartitesronn och beieneekommen, wa sech déi ekonomesch Situatioun d'nächst Joer "signifikativ" géif verschlechteren.

Nei ass, datt schrëftlech festgehale gëtt, datt, wann de Statec feststellt, datt beim Auslafe vun den decidéierte Mesurë géif 2024 en Inflatiouns-Schock entstoen, och eng Tripartite beieneekënnt, fir e "Phasing-out" vun de Mesuren ze decidéieren. Hei gouf also enger Fuerderung vun de Patrone Rechnung gedroen, fir iwwert d'Joer 2023 eraus ze kucken.

Weider da preziséiert den Accord, datt de Präisdeckel vu 15 Prozent um Gas vum 1. Oktober u bis Dezember d'nächst Joer gëllt an um Präis vu September gerechent gëtt.

Déi staatlech Contributioun gëtt op Basis vun enger ponderéierter Moyenne vun den applizéierte Gas-Präisser gerechent an applizéiert sech op all Clienten, déi Compteuren hu mat engem maximale Gas-Flux, dee manner wéi 65 Meterkibb d'Stonn ausmécht.

Déi aner wichteg Energiespuermesure ass natierlech d'Afréiere vum Stroumpräis vu Januar d'nächst Joer un. Dat gëllt fir Clienten, déi eng Joresconsommatioun vu manner wéi 25.000 Kilowattstonnen hunn, sou ass et am Accord fixéiert.

Déi aner Mesurë si bekannt: d'Zoulag vu 15 Cent um Liter Mazout vun November un, en temporäert Erofsetze vun den dräi TVA-Tauxen, d'Energieprimm, déi staatlech Participatioun un den Energie-Fraise vun Altersheemer an d'Eropsetze vum Mindestloun op den 1. Januar.

Fir d'Entreprisen da sinn an der Haaptsaach Aidë virgesinn, fir d'exorbitant héich Energiepräisser ofzefiederen.

Keng vun de Mesuren ass am Accord chiffréiert - dat muss natierlech an den entspriechende Gesetzesprojeten op der Fiche Financière nogeholl ginn.

Fir datt also den Accord, deen e Mëttwoch de Mëtteg signéiert gouf, kann a Musek ëmgesat ginn, ass et un der Chamber, déi entspriechend Texter ze stëmmen. Dës parlamentaresch Aarbecht läit bei der Spezialkommissioun "Tripartite".