Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Tripartitesaccord: Premier: Zwou Tripartitten an engem Joer beweisen aussergewéinlech Situatioun

D'Gewerkschaften hirersäits weise sech zefridden mam "Solidaritéitspak 2.0", d'Patronat dogéint ënnerschreift dëse mat der Fauscht an der Täsch.

"Zwou grouss Tripartitten an engem Joer, dat ënnersträicht déi aussergewéinlech d'Situatioun an där mer sinn", dat huet de Staatsminister Xavier Bettel a senger Regierungsdeklaratioun an der Chamber betount, nodeems d'Regierung, d'Patronat an d'Gewerkschaften am fréien Nomëtten den Accord aus der Tripartite offiziell ënnerschriwwen hunn.

De Solidaritéitspak 2.0 kascht de Staat 1,1 Milliarden Euro. En huet als d'Zil, d'Inflatioun ze bremsen, de Stéit an de Betriber duerch spezifesch Moossnamen ze hëllefen an déi energetesch Transitioun ze favoriséieren.

D'Verhandlunge wieren och dëst Kéier net einfach gewiescht, esou de Premier, mä et hätt een et zesummen fäerdegbruecht, eng gutt gemeinsam Léisung ze fannen an dat an enger Zäit, wou mer an enger vun deene schlëmmste Krisen an der Geschicht vun eisem Land sinn a wou d'Leit an d'Betriber séier Hëllef bréichten.

De Xavier Bettel sot, hie wier frou, datt mat dësem Accord keng Indextranche ewechfält. Sollt dat anert Joer nach eng drëtt Tranche fälleg ginn, gëtt och déi nieft deenen zwou aneren ausbezuelt. D'Regierung engagéiert sech awer an deem Fall de Betriber déi Tranche fir de Rescht vum Joer ze kompenséieren. Am Fall vun enger drëtter Tranche géif awer och d'Tripartite nach emol zesummekommen.

Dat wier och de Fall, wa sech géif erausstellen, datt ugangs 2024 mat engem weideren Inflatiounsschock ze rechne wier. An deem Fall géife Regierung, Patronat a Gewerkschafte sech zesummesetzen, fir driwwer ze beroden, wéi ee lues a lues den Anti-Inflatiounsmesuren en Enn setzt.

De Staatsminister huet drop higewisen, datt d'Regierung zesumme mat de Mesurë vum Energiedësch an deenen aus der éischter Tripartite am Fréijoer ronn 2,5 Milliarden Euro mobiliséiert huet. Eng Zomm, déi ganz héich wier, och am Verglach mam Ausland.

Ënnerschiddlech Gefillswelt bei Patronat a Gewerkschaften

Nodeems d'Sozialpartner en Dënschdegowend vun der Regierung de finalen Entworf vum Tripartitesaccord kruten, huet ee beim Patronat net schlecht gestaunt. Et hunn nämlech déi zwee Paragraphe gefeelt, déi reegelen, datt am Fall wou d'nächst Joer eng drëtt Indextranche fälleg gëtt, d'Entreprise vum Staat finanziell ënnerstëtzt ginn an datt ee virum 1. Januar 2024 nach eng Kéier beienee kënnt, fir ze kucken, wat ee mécht, wann d'Mesuren aus dem aktuellen Ofkommes auslafen. Dowéinst gouf e Mëttwoch de Moien nach eng Kéier nogebessert. Mä och wa Gewerkschaften a Patronat schlussendlech ënnerschriwwen hunn, ass d'Gefillswelt op béide Säite ganz ënnerschiddlech.
Sou freet d'OGBL-Presidentin Nora Back virun allem, datt den Indexsystem erhale bleift an d'Inflatioun duerch d'Afréiere respektiv Deckele vun den Energiepräisser gebremst gëtt. De Reproche, datt grad d'Deckelung vun den Energiepräisser net sozial selektiv wier, léisst si net gëllen. D'Nora Back: "D'Leit hunn net alleguer de Choix, d'selwecht vill ze spueren. Vill Leit mat niddrege Revenuen, déi a Passoire thermique liewen, kënnen hir Gasconsommatioun guer net sou aschränke wéi anerer. Locatairen hu mol guer keen Afloss drop, wéi an hirem Haus gehëtzt gëtt. Dowéinst ass et schwiereg, d'Leit finanziell ze bestrofen, fir datt se op d'Iddi kommen, ze spueren."

D'Nora Back iwwert d'Spuere vun Energie

Et géing ee lo op ee kollektiven Effort beim Energiespuere setzen. Och d'Präsidente vun LCGB a CGFP, Patrick Dury a Romain Wolf, hu sech erfreet gewisen, datt de Leit séier gehollef géing ginn. Ze bedauere wier just, datt de Krich an der Ukrain wuel nach laang net um Enn wier.

"Mir sinn net frou, mee dat wat rauskomm ass, ass dat wat méiglech war", esou resuméiert den UEL-President Michel Reckinger den Accord. Op d'mannst hätt een erreecht, datt d'Entreprisë "nëmmen" zwou an net bis zu fënnef Indextranche bezuele mussen. Den Index wier an der aktueller Kris nämlech dat falscht Instrument. "Den Index ass total antisozial, dobäi bleiwen ech. D'Schéier tëscht Aarm a Räich geet auserneen. Wann déi aner Säit dat net begräife wëll, da verstinn ech et och net méi. Mee dat ass a bleift meng Meenung an och d'Meenung vu menge Memberen."

De Michel Reckinger iwwert den Index

Dowéinst wier ee bei der UEL och laang am Gaang gewiescht, d'Memberen vum Accord z'iwwerzeegen. Datt am leschten Entworf zwee Paragraphe gefeelt hunn, wier wuel ee Mëssel gewiescht, et géing een op alle Fall Kengem schlechte Wëllen ënnerstellen.