Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Tripartiteverhandlungen: Um Méindeg den Owend war net vill gewuer ze ginn

D’Gewerkschafte wiere sech nach eens an nach ëmmer op enger Linn. Dat sot d’OGBL-Presidentin Nora Back e Méindegowend no den Tripartitesgespréicher.

D'Gewerkschaften OGBL, CGFP an LCGB sinn nach ëmmer op enger Linn. Dat confirméiert d'Presidentin vum OGBL, d’Nora Back, no der Verhandlungsronn um 2. Dag vun den Tripartitesgespréicher. D'Haaptdiskussioun hätt och e Méindeg ëm d’Energiepräisbrems an d’Indextranchë gedréint, déi an den nächste Méint erfale sollen.

Tripartite - De Reportage vum Diana Hoffmann

Iwwer 10 Stonne souze Regierung, Patronat a Gewerkschafte e Méindeg zu Senneng zesummen. Wie sech no esou laangen Negociatiounen erwaart huet, datt d’Press éischt Resultater presentéiert krit, ass awer op sengem Honger sëtze bliwwen.

D’Propositioune vun e Sonnde wieren och um Méindeg weider diskutéiert ginn, sot de Premierminister Xavier Bettel e Méindeg den Owend kuerz virun 22 Auer. Zu der Fro ob scho konkret Mesure presentéiert goufen, wéi d’Menagen entlaascht solle ginn, sot hien dat heiten:

Xavier Bettel: "Ech ginn Iech keng Detailer. De Fait ass, datt ech probéiere muer e ganze Pack duerch ze kréien. An do ass den Index selbstverständlech och eng vun de wichtege Froen. Awer och da calculéiert mat engem Impakt vun enger Energiepräisbrems. Dat sinn all déi Saachen, déi nach gerechent ginn a verfeinert musse ginn. Dofir déi Paus elo, fir muer de Moien um 10 Auer weider ze fueren."

RTL-Informatiounen: Gaspräis op maximal +15% gedeckelt, keng Hausse vum Stroumpräis

Et schéngt wéi wa bei der Diskussioun ëm den Index d'Patronat an d'Gewerkschaften nach géinge wäit ausernee leien. De Premierminister hofft awer schonn um Dënschdeg op en Accord de Principe.

Xavier Bettel: "D’Leit maache sech Suergen. Et wier irresponsabel, datt mer keen Accord hunn. Da misste mir als Regierung zwar d’Verantwortung ganz iwwerhuelen, mee ech mengen et wier e staarkt Zeeche vu sozialem Zesummenhalt a vun Challenge zesummen ugoen, wa mer zu engem Accord géife kommen."

Eng Aschätzung, wéi wäit ee bei de Verhandlungen den Ament nach auserneeläit, ass schwéier. Och e Méindeg wollten d’Sozialpartner net ëffentlech Stellung bezéien. Just d’OGBL Presidentin Nora Back huet en passant hier Aschätzung gedeelt.

Nora Back: "Dat geet vun: Dat do gesäit gutt aus, bis zu dat do gëtt näischt. An dat 10 Mol am Dag."

Fir d'Intervenante war et um Méindeg e laangen Dag, an et wollt wuel keen der Press nëmmen e Wuert ze vill soen. D'Tripartite kéint awer um Dënschdeg e bëssi méi séier wéi erwaart viru goen. De Rendezvous fir d’Press zu Senneng gouf vu 17 Auer op 10.30 Auer Moies verréckelt. Eng Pressekonferenz gëtt am Mëtten erwaart.

Dono wëllen d'Sozialpartner sech nach eng Kéier mat hirer jeeweileger Basis beroden. Fréistens nächsten Donneschdeg wier dann eventuell mat engem Accord ze rechnen.