Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Ukrain: Wierk vu Banksy geklaut - 8 Persoune goufe festgeholl

RTL

An der Ukrain hu Krimineller e Bild vum Streetart Kënschtler Banksy kuerz nodeem et entstanen ass aus enger Mauer geschnidden.

An engem Viruert vu Kiew huet d'Police eng Grupp vun 8 Persounen am Alter tëscht 27 an 60 Joer festgeholl. D'Bild vun enger Fra mat Bigoudien an enger Gasmask wier op der Plaz confisquéiert ginn. Den ukrainesche Kulturministère gouf kontaktéiert, fir iwwert d'Schicksal vum Bild ze decidéieren.

De mysteriéise brittesche Kënschtler Banksy hat am November e Video publizéiert, an deem eng ganz Partie vu senge Wierker op futtisse Gebaier a Maueren an der Ukrain ze gesi waren.