Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Um Dënschdeg den Owend: Véier Blesséierter bei Accidenter op der A4 an der A13

RTL

Wéi de CGDIS an der Nuecht op e Mëttwoch mellt, huet et um Owend virdrun zweemol op Autobunnen zu Lëtzebuerg geknuppt.

Den éischten Accident war géint 18.15 Auer op der A4 a Richtung Esch. Zwee Autoe waren do net laanschtenee komm. Eng Ambulanz aus der Stad war op der Plaz, fir sech ëm eng Blesséiert Persoun ze këmmeren.

Direkt dräi Autoe ware géint 21.45 Auer op der A13 a Richtung Péiteng am Coup. Dräi Persoune goufen hei blesséiert. Eng Ambulanz vun Esch an zwou Ambulanze vu Suessem-Déifferdeng waren op der Plaz.

Zu Bierchem gouf et iwwerdeems e Feier op engem Balcon, wéi de CGDIS mellt. Blesséiert gouf heibäi keen.