Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Um Kierchbierg an an der Zithaklinik: An Zukunft kann ee bei den Hôpitaux Robert Schuman och samschdes an den IRM

National - Um Kierchbierg an an der Zithaklinik
RTL

© AFP

D'Hôpitaux Robert Schuman bauen hir Offer u méigleche Rendezvousen fir eng IRM-Untersuchung aus.

Wéi d'HRS an engem Schreiwes matdeelen, kënnen d'Patiente vum 1. Abrëll un fir verschidden Untersuchungen och Samschdeg e Rendezvous fir en IRM kréien. An enger éischter Phas, kënnen d'Patienten tëscht 8 Auer moies an 12 Auer Mëttes an den IRM kommen. An Zukunft soll d'Offer op 8 Stonne pro Samschdeg ausgebaut ginn.

Weider heescht et, dass verschidde Leit, déi schonn e Rendezvous fir en IRM hunn, kéinte kontaktéiert ginn, fir dësen no vir ze verleeën.